Radioen

On air

9 bis 1  |  Craig Finn - People Of Substance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGFP: "Walpréifsteng" als Orientéierung fir d'Wieler

Chamberwalen

CGFP: "Walpréifsteng" als Orientéierung fir d'Wieler

D'CGFP hat Ufank Juni néng Parteien all Kéier 50 Froen zu aktuellen Theme geschéckt. D'Äntwerte vun dësem "Faktencheck", am Virfeld vun de Chamberwale vum 8. Oktober huet d'Staatsbeamtegewerkschaft elo presentéiert. Dës CGFP-"Walpréifsteng" sollen eng Orientéierung fir d'Wieler sinn, seet d'Gewerkschaft, déi eng 34.000 Memberen huet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Wéi gewinnt mécht d'CGFP awer keng Walrecommandatioun, betount de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff. Dat wier och net néideg. Hien fënnt datt d'Äntwerte vun de Parteien op déi Froe fir sech schwätze géifen.

All néng Parteie fir eng Steierreform

All néng Parteie sinn dofir, datt an den nächste fënnef Joer eng ëmfaassend Steierreform soll gemaach ginn, esou eent vun de Resultater.

Bei der Fro, ob si fir eng automatesch Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun sinn, hu sechs Parteien d'Fuerderung vun der CGFP gedeelt. D'Piratepartei hätt uginn datt se net dofir wieren, erkläert de Romain Wolff.

"A wat awer nach méi droleg ass, déi Gréng an och d'LSAP, déi konnten eis hei keng jo/nee-Äntwert ginn. Doriwwer kann elo jidderee sech säi Bild maache wat dat heescht."

Eng staark Fonction Publique

An der CGFP hirem Froekatalog ass et och zum Beispill ëm de Wunnengsbau gaangen.

De Gros vun de Parteien hätt sech och fir eng staark Fonction Publique ausgeschwat, hiewt de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger ervir. D'Parteie géifen hannert engem Accord Salarial stoen. Dozou géif och e flächendeckend Ofschafe vum Bewäertungssystem an der ganzer Fonction Publique gehéieren.

"Dann ee kloert Bekenntnis och zur Liberté syndicale. A mer stelle fest, datt et an der Logementspolitik ënnerschiddlech Vuë gëtt."

D'Parteie ginn "zur Rechenschaft" gezunn

All d'Äntwerte vun de siwe Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, a vun de Parteie Fokus a KPL, zum Logement an zu de weideren Theme kann een online bei der CGFP noliesen an an der Spezialeditioun vun der Zeitung "Fonction Publique.

D'CGFP huet ugekënnegt d'Parteien dann op Basis vun hire Verspriechen no de Chamberwahle "zur Rechenschaft zéien".