Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nach ëmmer Problemer bei Ëmsetzung vu Reform"

50 Joer CGFP

"Nach ëmmer Problemer bei Ëmsetzung vu Reform"

De Staatsdéngscht hätt ee Rekrutéierungsproblem a géif un Attraktivitéit verléieren. Bei enger geplangter Protestaktioun soll ënnert anerem d'80-80-90 Regelung ugeschwat ginn.

auto_stories

3 min

D'CGFP plangt de 27. November eng Protestmanifestatioun fir op d'Schwieregkeete bei der Ëmsetzung vun der Reform vun der Fonction Publique opmierksam ze maachen. D'Gewerkschaft wéilt sech "fir eng sécher Zukunft vum ëffentlechen Déngscht" asetzen.

Am Wort-Interview seet de CGFP-President Romain Wolff, datt d'Protestaktioun sech net just un d'Regierung, mä un all d'politesch Parteie géif adresséieren. No der Manifestatioun géif d'Gewerkschaft sech dann och schrëftlech un all d'Parteien adresséieren, seet de Steve Heiliger. "A mir hätten do och gär Äntwerten, an zwar präzis Äntwerten."

An der Suite vun der Protestaktioun wier ee Streik zwar "keen Objektiv" - e wier awer och net auszeschléissen.

80-80-90 Regelung

Op sektoriellem Plang géif ee béi der Ëmsetzung vun der Reform vum ëffentlechen Déngscht nach e puer Schwieregkeete gesinn. Ee vun den Haapttheme wier nach ëmmer déi sougenannten 80-80-90 Reegelung fir d'Stagiairen. Déi gesäit vir, datt Stagiairen am éischten an am zweete Stage-Joer zu 80 Prozent, an am drëtte Joer zu 90 Prozent bezuelt ginn.

D'CGFP huet dëse Kompromëss virun zwee Joer matgestëmmt. D'Gewerkschaft fuerdert awer elo, datt d'Stagiairen erëm zu 100 Prozent misste bezuelt ginn. Mam Argument, datt de Stage net grondleeënd reforméiert gouf. Et wiere Formatioune bäikomm, seet de Steve Heiliger, mä, "Fakt ass, datt déi Leit zu 100 Prozent agesat ginn, just bei manner Loun. Esou war d'Ofmaachung net gemaach."

Den Inneminister Dan Kersch hat Mëtt Oktober bei RTL bedauert, datt d'CGFP hir Fuerderung net bei der Ënnerschrëft vum Gehälteraccord an de Virdergrond gestallt hätt. Den Accord gouf am Dezember d'lescht Joer ënnerschriwwen. Datt d'Stagiairen trotz reduzéierter Indemnitéit voll schaffe géifen, wier awer eréischt Uganks dëst Joer en Thema ginn, äntwert de Steve Heiliger. D'Ofschafung vun der 80-80-90 Regelung wier keng Gehaltsfuerderung. Et wéilt een de Gehälteraccord dofir och net nei verhandelen.

Rekrutéierungsproblemer

De Staatsdéngscht hätt ee Rekrutéierungsproblem a géif un Attraktivitéit verléieren. Am Budgetsprojet fir d'nächst Joer si ronn dausend Poste beim Staat virgesinn. Et misst een déi Leit awer och fannen.

"Well wat ass d'Alternativ? Wa mir se net fannen, ech mengen déi Aarbecht muss awer gemaach ginn. Dat bedéngt dann, datt déi Leit, déi do sinn, entweder massiv Iwwerstonne musse maachen. Oder, datt d'Leit ënnert engem anere Statut agestallt ginn." Dat kéint op mannst op d'Dauer net d'Léisung sinn, seet de CGFP-Generalsekretär.

Et wieren am Prinzip genuch qualifizéiert Leit do, fir d'Posten ze besetzen - mä de Prozentsaz u Kandidaten, déi de Staatsexamen net géife packen, wier queesch duerch all d'Carrièrë ganz héich. D'Staatsexame missten iwwerschafft, an un déi haiteg Zäit ugepasst ginn, seet de CGFP-Generalsekretär. Et hätt een an deem Kader e Sondage bei de Stagiairë gemaach, déi den Examen eréischt viru Kuerzem gemaach hunn, fir Verbesserungsusätz ze fannen.

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP gouf an hirer aktueller Form am Joer 1967 gegrënnt a féiert haut hire 50. Gebuertsdag op enger Séance académique am Cercle Cité an der Stad. Uganks hat d'CGFP 4.300 Memberen. Aktuell sinn et der ronn 30.000. Et wier och haut nach ëmmer eng Erausfuerderung, "fir déi ënnerschiddlech Fachverbänn an der Fonction publique ënnert een Daach ze kréien", seet de Steve Heiliger.