Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CFL: Passagéierzuele ginn erëm erop

Mobilitéit

CFL: Passagéierzuele ginn erëm erop

D'CFL huet d'lescht Joer 16,5 Milliounen Passagéier transportéiert. Dat sinn der zwar zwou Millioune méi wéi 2020, mee 8,5 Millioune manner wéi nach 2019, esou de Marc Wengler, Generaldirekter vun der CFL am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

De Marc Wengler ass Generaldirekter vun der CFL

Mat der Entwécklung vun der Passagéierzuel déi lescht zwee Joer wier een net zefridden, gëtt de Marc Wengler zou. Wéinst der Pandemie hätt et e groussen Abroch vun de Passagéierzuele ginn.

Et géif een awer lues a lues gesinn, datt d'Leit erëm op den ëffentlechen Transport géifen ëmklammen, esou de Generaldirekter vun der CFL:

"D'Tendenze soen eis ganz kloer, datt mer nees op déi Trajectoire kommen, déi mer virun 2019 kannt hunn. Tëschent 2005 an 2019 hate mir e Rhythmus, wou mer véier bis fënnef Prozent Croissance d'Joer haten. Dat ware vun 2005 bis 2019 80 Prozent, wat jo e ganz héijen Taux ass. Eng Croissance, déi et am Ausland net dacks gëtt."

Gratis ëffentlechen Transport: Schwiereg Zuelen ze vergläichen

Am Mäerz 2020 ass den ëffentlechen Transport gratis ginn: et wier statistesch awer schwéier de Verglach ze maachen, wéi een Impakt dat hat, seet de Generaldirekter vun der CFL.

Dat wier nämlech genee an de Confinement gefall, wou manner Leit den ëffentlechen Transport geholl hunn. "Mir hunn op jiddwer Fall ee groussen Abroch gehat."

Weider hätt den Télétravail, deen och elo nach méi systematesch benotzt gëtt, een Impakt op d'Passagéierzuele vun der CFL.

De Generaldirekter vun der CFL mengt net, datt déi héich Energie- oder Spritpräisser kuerzfristeg een Effekt fir d'CFL wäert hunn.