Radioen

On air

Moiesstudio  |  Pascal Ricquier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CFL: D'Nordstreck bleift méi laang gespaart wéi geduecht

Weider Problemer op der Nord-Streck

CFL: D'Nordstreck bleift méi laang gespaart wéi geduecht

Zuchreesender a Richtung Norde mussen an den nächste Woche weider vill Gedold hunn. Nodeems sech d'lescht Woch op der Héicht vu Bierden bei Ettelbréck gréisser Stécker aus enger Fielswand geléist haten, bleift d'Streck tëschent Ettelbréck a Kautebaach nach mindestens siwe Wochen zou. Mee och wat den Tunnel Schieburg ugeet hat de Marc Wengler, Direkter vun den CFL, keng gutt Nouvellen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir de 17. Abrëll war d'Reouverture vum Tunnel Schieburg tëschent Kautebaach a Wëlwerwolz geplangt. Doraus gëtt awer elo näischt.

Iwwer 70 Buerungen amplaz vun zéng

Et wäerte mindestens nach sechs weider Wochen dobäikommen, esou de Marc Wengler. Deels wier de ville Reen aus de leschte Wochen dorunner Schold. Et goufen awer och nach aner Imprevuen:

"Déi Cavitéit, déi mir do mat Bëtong besprutze fir se ze befestegen, déi ass méi grouss wéi am Ufank ugeholl ginn ass. Am Ufank waren zéng Buerunge programméiert. Mir si mëttlerweil bei iwwer 70 Buerungen."

Wéint dësen Aarbechten ass elo well länger Zäit méi keen Zuch tëschent Kautebaach a Klierf gefuer. Mee an den nächste Woche wäert och op der Kautebaacher Gare keen Zuch stall haalen. Dat, well aktuell och den Tracé tëscht Ettelbréck a Kautenbach gespaart ass.

Et besteet weiderhin ee Sécherheetsrisiko

Lescht Woch an der Nuecht op e Freideg hate sech Stecker aus enger Fielswand geléist. Dës sinn net op d'Gleise gefall, mee an eng Zort Opfangbecke fir Steng, iwwer dem Agank vum Tunnel ënnerhalb vu Bierden.

An awer besteet ee Sécherheetsrisiko, esou de Marc Wengler.

"Wat declenchéiert huet, datt mir lo mussen den Trafick astellen, dat ass, datt mir do een Expert bestallt hunn, deen d'Situatioun nach eng Kéier gekuckt huet. Dee kann net ausschléissen, datt do nach weider Saache geschéien, déi vläicht nach méi eng grouss Envergure hunn."

Am leschten Hierscht haten d'CFL Renovatiounsaarbechten un dësem Opfangbecke virgeholl. Dobäi gouf festgestallt, datt d'Fielswand zousätzlech misst securiséiert ginn. Dës Aarbechte goufen an de leschte Wochen ënnerholl, hunn awer lo missen ënnerbrach ginn.

Enn nächster Woch ass d'Expertise eriwwer. Da kënnen d'CFL och genau soen, fir wéi laang d'Streck gespäert muss ginn. Ee Minimum vu siwe Woche goufe genannt.

Bis dohi ginn Ersatzbusser agesat. Dëst ass och de Fall tëschent Kautebaach a Wolz, wou logescherweis och keen Zuch verkéiere wäert.