Radioen

On air

Notturno  |  Wayne Shorter - Black Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CFL: Netto-Benefice vun 13 Milliounen Euro

Zuchtrafic

CFL: Netto-Benefice vun 13 Milliounen Euro

Den Ëmsaz vun der CFL ass am Joer 2022 ëm 7 Prozent par rapport zum Joer virdru geklommen - an entsprécht elo ronn 1,73 Milliarden Euro. Dat geet aus dem Joresrapport ervir, deen haut virun der Press presentéiert gouf. Den Netto-Benefice beleeft sech dann op 13 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Trotz dem Krich an der Ukrain an dem zesummegefallenen Tunnel zu Schieburg zitt de Generaldirekter vun der CFL Marc Wengler ee positive Joresbilan. Wat d'Passagéierunzuel ugeet géif ee lues a lues erëm den Niveau vu virun der Pandemie erreechen - deemno huet d'CFL zejoert am ganzen 22 Millioune Passagéier transportéiert. Da ware ronn 90 Prozent vun den Zich pünktlech, domat wëll sech d'CFL awer net zefridde ginn an envisagéiert hei een Taux vun op d'mannst 92 Prozent, sou de Marc Wengler. Dat Ganzt misst een awer am Kontext kucken. Wann d'Neibaustréck bis ugebonne wier, géif ee sech och méi erwaarden.

2023 sollen nach eng Kéier 500 Leit agestallt ginn

Wat d'Chantieren ugeet hätt een zejoert ee Rekordniveau ereescht: op ganzer 364 Deeg gouf op der Schinne vun der CFL geschafft. Trotzdeem wieren d'Chantieren ee gutt Zeeche fir de Fortschrëtt, seet de Marc Wengler.

Fir Moderniséierungen a fir den Ausbau vum Reseau goufen zejoert bal 330 Milliounen Euro investéiert. Ausserdeem schaffe mëttlerweil iwwer 5.000 Leit bei der CFL, bal 400 dovun hunn d'lescht Joer nei ugefaangen. Dëst Joer wéilt een nach eemol iwwer 500 nei Leit astellen, sou nach de Generaldirekter vun der CFL Marc Wengler.