Hie schwätzt vun engem "gudde Resultat", virun allem wann ee géif bedenken, datt am Moment vill um Zuchreseau geschafft gëtt. Aus deem Grond kéint een och net all Joer mat Verbesserunge rechnen. Et géifen nach aner Chantiersphase kommen, mee et kéint een net onbedéngt d'Offer augmentéieren.
D'Eisebunn ka kuerzfristeg keng zousätzlech Zich asetzen, wann de gratis ëffentlechen Transport e grousse Succès hätt, seet den Direkter vun der CFL. Am Moment géifen d'CFL schonn all Dag all hir Zich asetzen, esou de Marc Wengler.
Hie betount awer, op méi laang Siicht géif d'Capacitéit an d'Luucht geschrauft ginn. Bis 2024 solle 34 nei Zich dobäi kommen: zu deem Zäitpunkt kennen da 46 Prozent méi Passagéier transportéiert gi wéi haut.