Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CHdN huet dräi nei Kardiologe rekrutéiert

Gesondheetssecteur

CHdN huet dräi nei Kardiologe rekrutéiert

De Centre Hospitalier du Nord huet dräi nei Kardiologe rekrutéiert, nodeems zejoert sechs Kardiologen gekënnegt haten. D'Gardë kënnen esou assuréiert ginn, seet de medezineschen Direkter vum CHdN. Weider Rekrutementer wieren awer néideg.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir d'Garden op méi Schëlleren ze verdeelen, wier et wichteg, déi aktuell Equipe vu véier Kardiologen nach ze vergréisseren, seet de Jean-Marc Cloos, deen zanter Januar medezineschen Direkter vum Centre Hospitalier du Nord ass.

Méi attraktiv fir Kardiologe ginn

Hien erkläert, datt 30 Garden de Mount gedeelt duerch véier wier vill. 30 Gardë gedeelt duerch sechs wier dogéint machbar.

Den CHdN wëll senge Kardiologen, déi interventionell Chirurgie maachen, eng Collaboratioun mam Nationalen Häerzzenter erméiglechen. Fir attraktiv bei de Kardiologen ze bleiwen, misst een hinnen zousätzlech Aktivitéiten ubidde kënnen, och wa se ausserhalb ufroe fir a sou engem Institut mat kënnen ze schaffen, ënnersträicht de Jean-Marc Cloos.

Zesummeschaffen mam Gesondheetsministère

Eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune vu Spidoolsdoktere generell, soll dann duerch eng nei Reegelung vun de Gardë kommen, seet de medezineschen Direkter vum Centre Hospitalier du Nord, dorunner géifen d'Spideeler mam Gesondheetsministère schaffen.

Hien ass der Meenung, datt dat nach virun den nächste Wale wäert funktionéieren. Et wäert schonn am September kloer sinn, wéi d'Gardelinnë vum 1. Januar 2024 u wäerten ausgesinn. De Jean-Marc Cloos betount, datt och scho kloer da wier, wat fir Spezialitéite sur place bezuelt géif ginn a wat fir d'Spezialitéiten eng Astreinte bezuelt géife kréien.

An der Diskussioun wier och, datt d'Spideeler méi Flexibilitéit kréie fir hir Garden ënnerschiddlech kënnen ze organiséieren, sot de Jean-Marc Cloos.