Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CENARO virun der Faillite

Faillite am Bausecteur

CENARO virun der Faillite

Et ass just nach eng Fro vun der Zäit, bis d'Faillite vum Grupp Cenaro offiziell gesprach wäert ginn. Dëst bedeit, datt vill Clienten hir Heiser an Appartementer net fäerdesch gebaut kréien, a Leit hir Aarbecht verléiere wäerten. Iwwerdeems steet awer och de Virworf vu finaziellem Bedruch am Raum.

auto_stories

3 min

Symbolbild (KYNA STUDIO / Bigstock)

Lauschterenplay_arrow


De Grupp Cenaro steet virun der Faillite. Souwuel d'Clienten ewéi och d'Mataarbechter gesinn sech lo mat de Konsequenze konfrontéiert.

Besonnesch schlëmm trëfft et eng Rei Leit, deenen hire Chantier elo zanter Wochen net méi viru kënnt. Zum Deel haten si schonn hier al Wunneng verkaf a sëtzen elo virun engem hallef fäerdegen Haus. D'Prête lafen awer natierlech weider. Oder awer den Terrain gouf iwwerhaapt nach net bebaut.

Garantie d'achèvement kënnt an d'Spill

De Georges Krieger, Affekot a Spezialist fir Immobiliërecht, hält dat nach fir déi manner schlëmm Situatioun, well een da ka vum Kontrakt zrécktrieden. Bei him hunn sech schonn eng Rei vu Geschiedegte gemellt. Fir déi aner Betraffe misst op alle Fall eng sougenannte Garantie d'achévement spillen:

"Wann en Entrepreneur oder e Promoteur Iech en Appartement verkeeft, da muss d'Appartement ëmmer an enger Vente en état futur d'achévement sinn. An de Notaire, deen däerf keng esou eng Vente en état futur d'achévement ënnerschreiwen, wann do net eng Garantie d'achévement do ass."

D'Leit sollen also ganz genau kucken, wéi eng Assurance se do hunn, an et muss een sech un déi Assurance riichten, fir déi Suen ze kréien. Da kann nämlech viru gebaut ginn, sou nach de Georges Krieger. Méi schwiereg wier d'Situatioun allerdéngs, wa wéi an dësem Fall eng auslännesch Assurance géing spillen:

"Déi Leit hunn all individuell eng Assurance d'achévement, wärend wann et eng Assurance aus dem Ausland ass, dann ass hei keen Entrepreneur, dee muss ee fannen, dee gegebenenfalls dann de Chantier weider féiert."

D'Garantie gesäit vir, datt entweder fäerdeg gebaut gëtt, oder awer datt fir deen Deel vum Gebai, deen net fäerdeg gestallt gouf, en Dedommagement ausbezuelt gëtt. Do misst awer elo och mol ofgewaart ginn, wat de Curateur wäert decidéieren, sou nach de Georges Krieger.

Virworf vu finaziellem Bedruch

Virun de Schierbele stinn och d'Mataarbechter vum Grupp. An de nächsten Deeg soll fir Cenaro Group an Cenaro technical d'Faillite gesprach ginn. Dem Joe Gomes vum OGBL no wieren do am ganzen 51 Aarbechtsplaze betraff. D'Leit haten am Dezember scho keng Pai méi ausbezuelt kritt.

Ma och vill Handwierksbetriber waarden drop, datt hier Rechnunge bezuelt ginn. Aus dem Secteur heescht et, datt et wuel net déi lescht Faillite vun engem Promoteur wäert sinn.

Domat awer net genuch. Wéi reporter.lu schreift, wiere schonn eng Rei Plainte géingt de Grupp gemaach ginn. De Virworf vun de Clienten an Investisseuren: finanzielle Bedruch. D'Administration judiciaire huet dës Informatiounen och confirméiert.

D'Scholde vis à vis vun de Fournisseure solle bei 4,8 Milliounen Euro leien, heescht et nach op reporter.lu.