Däitschland CDU an CSU presentéieren hire Walprogramm

D'Unioun vun CDU an CSU presentéiert haut hire Walprogramm. Zwee Méint nodeems den Armin Laschet an de Markus Söder sech en heftege Muechtkampf geliwwert hunn, wëlle béid Parteien elo nees Unitéit verkafen. Esou wierklech geléngt dat awer net, mengt eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Matthias Kirsch (München) / cbi

Analys De Markus Söder an den Armin Laschet
De Markus Söder an den Armin Laschet. Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Wann d'Unioun haut hire Walprogramm virstellt, da stécht do vill CDU dran a wéineg CSU. Dat huet zwee Grënn: deen éischten ass, datt déi Versioune vum Programm, déi schonn de Wee un d'Ëffentlechkeet fonnt hunn, kloer déi politesch Handschrëft vum Armin Laschet droen. De grousse Slogan: Däitschland nees zum "klimaneutralen Industrieland" maachen. D'Moderniséierung soll eng grouss Roll spillen, d'Schwaarz Null soll zeréckkommen.

Deen zweete Grond ass, datt d'Schwësterpartei CSU keen Heel draus mécht, datt se - trotz aller beschwierener Unitéit - an e puer Wochen nach mat engem eegene Walprogramm wäert ëm d'Kéier kommen. "Schnellboot" oder "Bayerplang" nennen d'CSUler dëse Programm u Punkten, dee se wuel net am grousse Programm mat der CDU ënnerbruecht kruten.

De Clinch, deen d'Unioun bei der Sich no hirem Kanzlerkandidat intern duerchgemaach huet - en ass nach ëmmer ze spieren. Déi offiziell Versioun ass: de Markus Söder, dee Kanzlerkandidat wollt ginn an et net gouf, steet mat ganzer Kraaft an Effort hanner dem Armin Laschet. Datt awer wichteg Fuerderunge vun der CSU et net an de Walprogramm schénge gepackt ze hunn, deit dann awer op weider Zerwürfnisser hin.

Wéineg Innovatioun

A wei eng Richtung geet en also, de Walprogramm vun der Unioun? CDU an CSU erfanne sech net nei, dat ass de Konsens an der däitscher Medielandschaft. Am Mëttelpunkt steet: sech sou breet wéi méiglech opstellen, aus der politescher Mëtt mathuelen, wat geet, a sou de Gréngen Stemmen ewechhuelen.

Virun allem awer soll villes bleiwen, wéi et ass: d'Pensioune bleiwen, wéi se sinn, Steiererhéijunge ginn et keng. Wéi dat Ganzt soll finanzéiert ginn, steet do net - sou huet et d'Süddeutsche Zeitung iwwer de Weekend lakonesch kommentéiert. A jo: wierklech Innovatiounen feelen am Uniouns-Programm.

Unioun a Sondage virun de Gréngen

Wéi sou dacks an der Vergaangenheet zitt bei der Unioun d'Perspektiv vum Kanzleramt. Wie Schwaarz wielt, weess: d'Chancë sti gutt, datt de nächste Regierungschef aus der Unioun kënnt. Eng Perspektiv iwwerdeems, déi an de leschte Wochen nees besser ginn ass. Zanter der erfollegräicher Wal a Sachsen-Anhalt, wou d'CDU schlussendlech 37 Prozent vun de Stëmme geholl huet, geet et och an de bundeswäite Sondagen nees kloer erop.

Zwar muss d'Unioun am September nach ëmmer en historeschen Déifpunkt fäerten, de Virsprong op déi Gréng ass awer nees geklomme. An de rezentste Sonndesfroe stoung d'Unioun bei knapps 28 Prozent, déi Gréng ëm 20.

Besonnesch erfreelech dierft fir CDU an CSU awer sinn, datt och dem Armin Laschet seng perséinlech Sondagewäerter ëmmer besser ausgesinn. Mëttlerweil kënne sech méi Däitscher hien als Regierungschef virstelle wéi d'Annalena Baerbock oder den Olaf Scholz. Viru knapp zwee Méint, wéi sech Söder a Laschet hiren Muechtkampf geliwwert hunn, hätt een sech dat an der Unioun wuel net emol am Dram kënne virstellen.

An der Mediathéik:

Chronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

De Markus Söder an de Armin Laschet
Däitschland

Bis Enn der Woch wëllen sech de Markus Söder an den Armin Laschet eens ginn, wie vun hinnen zwee Kanzlerkandidat vun der Unioun gëtt. Hir respektiv Parteien, d'CDU an d'CSU, sti bis elo hanner hire Cheffen.

Armin Laschet
Däitschland

Zwou Landtagswale stinn an Däitschland um kommende Weekend un. No de rezente Skandaler an der CDU stinn déi Konservativ besonnesch am Fokus. Fir den neie Parteichef Armin Laschet kéinten déi Wale richtungsweisend ginn.

Armin Laschet
Däitschland

Den Armin Laschet ass zanter dem leschte Weekend neien CDU-Chef. Am Waljoer 2021 stelle sech eng Rei Froen: wéi wäert hie se beäntwerten? A kritt hie säi Stempel opgedréckt?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen