D'CSV hat gefuerdert, datt de Premier Xavier Bettel un d'franséisch Regierungscheffin Elisabeth Borne appelléiert fir de Lëtzebuerger Geschäftsmann a fréiere Srel-Mataarbechter net un d'USA auszeliwweren.
De Frank Schneider gouf virun annerhallwe Joer a Frankräich op Demande vun den USA festgeholl. Hie kritt vun der US-Justiz wéinst dem internationalen OneCoin-Bedruch Fraude a Blanchiment virgeheit. D'franséisch Justiz huet seng Ausliwwerung un d'USA decidéiert. Elo muss déi franséisch Regierung d'Extraditioun ënnerschreiwen.
Recours ass nach méiglech
De President vun der Justiz-Kommissioun Charles Margue huet ënnerstrach, datt d'Decisioun egal wéi bei der franséischer Premierministesch géif leien. De Frank Schneider hätt awer nach ëmmer Recours-Méiglechkeeten a Frankräich, esou de gréngen Deputéierte Charles Margue, grad ewéi bei der Cour européenne des droits de l'homme zu Stroossbuerg.
De Lëtzebuerger Frank Schneider stéing am Verdacht, an enger Affär, wou vill Leit hiert Geld verluer hunn. Et wier awer net esou, datt hie riskéiere géif an den nächste Stonnen un déi amerikanesch Justizautoritéiten ausgeliwwert ze ginn. De Frank Schneider huet schonn annoncéiert, och nach virum franséische Staatsrot e Recours anzeleeën.
Och wa si net an alle Punkten eens wiere weist sech de CSV-Deputéierte Laurent Mosar, op deem seng Ufro d'Kommissiounssëtzung stattfonnt huet, zefridden iwwer ee Punkt: d'CSV hätt d'Regierung gefrot sech dofir staark ze maachen, datt falls de Frank Schneider an den USA zu enger Prisongsstrof verurteelt gëtt, hien déi zu Lëtzebuerg kéint ofsetzen. D'Regierung hätt doropshi "formell mat Jo" geäntwert, seet de Laurent Mosar.