Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Weeknd - Dancing In The Flames

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréier Ministerin Carole Dieschbourg vu PJ gehéiert ginn

Affär Gaardenhaischen

Fréier Ministerin Carole Dieschbourg vu PJ gehéiert ginn

D'Carole Dieschbourg ass am Kontext der Affär Gaardenhaische vun der Police Judiciaire gehéiert ginn. Déi fréier gréng Ministerin, déi net beschëllegt ass, hat hir Auditioun am Kader vun der Vir-Ermëttlung een Dënschdeg d'lescht Woch, huet hiren Affekot eis op Nofro hi matgedeelt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Parquet wäert elo decidéieren, wéi et fir déi fréier gréng Politikerin viru geet. Ob eng Instruktioun wäert gemaach ginn, oder ob d'Affär fir d'Carole Dieschbourg klasséiert gëtt. Wéi séier dës Entscheedung fält, ass fir de Moment net gewosst.

Hir Auditioun bei der Police hat déi fréier Ministerin genee dräi Wochen, nodeem d'Chamber formell erlaabt hat, datt d'Carole Dieschbourg ka gehéiert ginn. De Chamberpresident Fernand Etgen hat de siiwte Mäerz erkläert, datt eestëmmeg decidéiert gouf, dem Procureur d'Etat vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg d'Autorisatioun ze gi fir all néideg Mesurë kënnen ze huele fir d'Wourecht ervir ze bréngen.

Dee selwechten Dag war dat néidegt Gesetz iwwert déi strofrechtlech Responsabilitéit vu Ministeren a Kraaft getrueden, no laange politeschen a juristeschen Diskussiounen.

"Ech hu mir och näischt virzewerfen"

Bal ee Joer ass et elo hier, datt de Parquet général an de Parquet Lëtzebuerg den Dossier an der sougenannter Affär "Gaardenhaischen" un d'Chamber geschéckt haten, well zu deem Zäitpunkt nëmmen d'Chamber d'Recht gehat hätt, ee Regierungsmember unzekloen. Een Dag drop, den 22. Abrëll d'lescht Joer, war d'Carole Dieschbourg als Ministerin zréck getrueden.

"Ech hu mir och näischt virzewerfen, ech hunn an dësem Dossier näischt anescht gemaach, d'Autorisatioun ass mëttlerweil confirméiert", sot d'Carole Dieschbourg deemools.

Duerch hire Récktrëtt wollt si de Wee fräi maachen, fir Aussoen an der Affär kënnen ze maachen. D'Carole Dieschbourg kritt virgehäit, hire Parteikolleeg Roberto Traversini privilegéiert behandelt ze hunn. De fréieren Déifferdenger Deputé-Maire sengersäits soll ouni Autorisatioun Renovéierungsaarbechten u sengem Gaardenhaus an engem Naturschutzgebitt zu Nidderkuer gemaach hunn.