Ee Virdeel vun enger Fusioun wier, datt den technesche Service méi effizient kéint schaffen, seet de Carlo Kütten am 100,7-Interview. Et bräicht ee fir kleng Etüden dann net op extern Servicer zeréckgräifen, sou datt Sue gespuert kéinte ginn.
An der Administratioun vum Service technique wieren dann ëmmer genuch Uspriechpartner do, sou datt Dossiere méi séier traitéiert kéinte ginn, erkläert de Carlo Kütten.
Oploe vun de Ministère ginn ëmmer méi komplex
Et géif ëmmer nees vun administrativer Vereinfachung geschwat ginn, mee dovunner géif een näischt gesinn, bedauert de Carlo Kütten:
"Et kënnt ëmmer méi op d'Gemengen zou, eng Gemeng muss sech ëm alles bekëmmeren. A wann ee beim Ministère nofreet, kritt ee scho gehollef. Mee et ass esou ee schwéierfällegen Apparat. "
Als Beispill nennt de Carlo Kütten d'Lëtzebuerger Strooss zu Bous: eleng fir d'Plangen hätt ee véier Joer gebraucht.
Bous wëllt eng Verkéiersberouegung an der Gemeng. Et wier een net fir de Verkéier responsabel, an dach géif een déi Käschten als Gemeng matdroen, äntwert de Carlo Kütten op d'Fro, ob dann net de Staat fir déi Käschte misst opkommen.
Do géif een ee leider beim Staat op daf Ouere stoussen, bedauert de Carlo Kütten:
"Mir waren ëfters bei de Ministèren a bei Ponts et Chaussées. Mir krute proposéiert, datt de Staat eis d'Lëtzebuerger Strooss zu Bous oftrëtt. Mee mir kréien do kee groussen Zouschoss. Mir maachen op der Lëtzebuerger Strooss ee shared Space. Dat ass elo fäerdeg geplangt an d'Aarbechte fänken dëst Joer un. Deen Ament gëtt Bous wierklech immens Verkéiersberouegt."
Contournement vu Bous nëmmen hallef fäerdeg
De Buergermeeschter vu Bous bedauert datt de Contournement net ganz fäerdeg, mee just zum Deel fäerdeg gebaut gouf. Fir den zweeten Deel wéilt kee Ministère Sue gi fir e fäerdeg ze bauen, bedauert de Carlo Kütten:
"Ech fannen dat e bësse schued, wann een een hallwe Contournement huet a wann et un engem klenge Stéck feelt vun e puer honnert Meter, datt do einfach näischt méi passéiert."