D'Zil vum Housing First Projet ass et, datt vulnerabel Persounen, déi scho laang op der Strooss liewen, hiert Liewen nees an de Grëff kréien. Doduerch, datt si eng Wunneng hunn an déi och op laang Dauer kënnen halen. De Familljeministère huet d'Caritas zejoert beoptraagt fir zéng Wunnenge spezifesch fir Fraen unzebidden. Zënterhier sicht d'Caritas no Immobilien, erkläert de Marc Pauly vun der Caritas.
Véier vun deene Frae géifen eleng wunnen a véier anerer an enger Wunngemeinschaft "wat natierlech lo net onbedéngt engem Prinzip vun Housing first entsprécht", sou de Marc Pauly.
De Staat finanzéiert de Projet, mee d'Wunnenge muss d'Caritas selwer opdreiwen. Fir virun ze kommen, huet d'Caritas och d'Gestion locative sociale zréck gegraff. Mee esou Wunnenge sinn dacks just fir e puer Joer disponibel, an de Proprietär kann de Kontrakt zu all Moment kënnegen. Dat wier net "déi optimaalste Léisungt", sou de Marc Pauly. Am beschte wier eng Léisung iwwer de Logement abordable iwwer de Fonds du Logement oder iwwer d'SNHBM, wann déi Entitéite genuch Wunnraum kéinten zur Verfügung stellen.
Max Hahn: Ministère wëllt seng Responsabilitéit iwwerhuelen
De Familljeminister Max Hahn verweist sengersäits op d'Efforte vum Staat fir méi abordabele Wunnraum ze schafen. An op d'Bereetschaft vu sengem Ministère fir Housing-First-Projete ze finanzéieren.
Nieft der Caritas bitt den CNDS am Optrag vum Staat den Ament 34 Housing-First-Wunnengen un. 26 Wunnenge solle bis 2025 mat der Renovatioun vum Foyer Ulysse zu Bouneweg bäikommen. Mat engem offiziellen Housing First Label wëll de Familljeministère an Zukunft weider Acteure konventionéieren - a Qualitéitsstandarde fir den Housing First definéieren.