Radioen

On air

Notturno  |  Pauline Anna Strom - Quiet Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas Lëtzebuerg hëlleft an der Tierkei an a Syrien

Nom Äerdbiewen virun enger Woch

Caritas Lëtzebuerg hëlleft an der Tierkei an a Syrien

Bei den Äerdbiewen haut virun enger Woch an der Tierkei an a Syrien sinn iwwer 37.500 Mënschen ëm d'Liewe komm. Dausende Leit ginn nach ëmmer vermësst. Caritas Lëtzebuerg schafft schonn zënter zéng Joer am tierkesch-syresche Grenzgebitt, fir syresche Krichsflüchtlingen ze hëllefen, mee och Flüchtlingen a Migranten an der Tierkei. Dowéinst konnt d'ONG no den Äerdbiewekatastroph och séier Hëllef organiséieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Coordinateur fir déi humanitär Hëllef vu Caritas Lëtzebuerg op der Plaz ass de François Large. Eng vun den tierkesche Stied, déi vun den Äerdbiewe getraff gouf, ass Antakya no bei der Grenz mat Syrien.

"J'étais à Antakya de samedi après-midi jusqu'à dimanche soir pour voir ce que fait l'organisation ASAM avec qui on travaille normalement pour aider les réfugiés syriens, afghans et africains en Turquie. Mais ASAM a aussi une équipe de secouristes pour rechercher les survivants dans les décombres. Ils ont fait un travail incroyable en sauvant 19 personnes entre le lundi matin et le samedi après-midi."

Dës Aktioun - bei der och e Kand gerett gouf - konnt duerch finanziell Hëllef vu Lëtzebuerg gemaach ginn, preziséiert d'ONG.

Och a Syrie gëtt all Hëllef gebraucht. (Foto: Caritas)

Eng Katastroph vun "onvirstellbarem" Ausmooss

D'Prioritéit vu Caritas Lëtzebuerg an hire Partner-Organisatiounen op der Plaz wier et elo fir Hëllef ze organiséiere fir déi Leit, déi d'Äerdbiewen iwwerlieft hunn.

"La dimension de cette catastrophe est inimaginable. Ce sont dix grandes villes et toute une zone géographique de 15 millions d'habitants qui sont touchés. Donc même les personnes qui ont survécus, qui n'ont pas été blessées, elles ne peuvent pas rester là dans leurs villes, dans leurs logements."

D'Stad Antakya wier eng Stad am "état d'urgence", beschreift et de Coordinateur vu Caritas Lëtzebuerg, de François Large. Et wier verbuede fir a Gebaier ze iwwernuechten. D'Police an d'Arméi géifen an Tëschenzäit fir d'Sécherheet suergen.

Ee Meedche konnt gerett ginn. (Foto: Association for Solidarity with Asylum Seekers and Migrants / Caritas)