Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas kritiséiert Tripartitesaccord

Sozialdialog

Caritas kritiséiert Tripartitesaccord

D'Caritas kritiséiert den Tripartitesaccord. Déi Leit, deenen et net gutt geet, kéinte vläicht kuerzzäiteg opootmen, nohalteg géif de Pak vu Mesuren, op deen Regierung, Patronat a Gewerkschafte sech en Dënschdeg den Owend spéit gëeenegt haten, näischt un hirer Situatioun änneren.

auto_stories

2 min

D'Carole Reckinger vun der Caritas. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Ze vill Strenz, ze wéineg Selektivitéit. D'Caritas ass enttäuscht, awer net wierklech verwonnert. Et wier wéi sou dacks: d'Regierung géif hei alt erëm just punktuell op e Problem reagéieren, ouni e Konzept ze hunn, wéi een dee Problem laangfristeg léise kéint.

Dat wier awer a punkto Aarmutsbekämpfung batter néideg, seet d'Carole Reckinger am Numm vun hirer ONG:

"Mir gesinn: wann een ëmmer erëm just punktuell op e Problem reagéiert, da rafistoléiert ee vun engem Problem bei deen aneren, ouni d'Situatioun op laang Zäit ze verbesseren."

Eng Stëmm fir déi Leit, deenen et méi schlecht geet

Allerdéngs war et hei jo net d'Regierung eleng, déi decidéiert huet. Et souzen och Gewerkschafte mat um Dësch.

Hu si d'Situatioun vun deene Leit, déi vill struewele mussen, net genuch am Bléck? D'Carole Reckinger mengt, datt déi Äermst hei am Land "net wierklech een hunn, dee sech op deem Niveau fir hir Rechter asetzt."

Déi Leit, deenen et am Schlechtste geet, géifen ëmmer erëm vergiess ginn. Fir d'Carole Reckinger ass et deemno wichteg, datt d'Caritas ëmmer erëm d'Wuert erhieft "fir genee déi Leit, déi bei esou Diskussiounen dann awer erëm ënner d'Rieder kommen".

Aarmutsrisiko: Tendenz steigend

Den Aarmutsrisiko läit aktuell bei 19 Prozent am Land: bal all fënneften ass also aarm oder riskéiert et ze ginn, Tendenz steigend.

Et wieren awer aktuell méi wéi Leit, déi d'Enner net méi zesumme kréichen. D'Carole Reckinger schwätzt vu bis zu 40 Prozent vun de Leit, déi a Schwieregkeete sinn oder kéinte geroden.

An der Finanzkris goufen d'Banken gerett, an der Covid-Kris d'Entreprisen, elo wier et un de Leit, déi schlecht dru sinn, ënner d'Äerm gegraff ze kréien, schreift d'Caritas an hirem Communiqué.

An zwar richteg: et wier ze spéit fir just ze rafistoléieren.