Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alice Phoebe Lou - The World Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas fuerdert méi Autonomie fir ONGen am Accueil vu Flüchtlingen

Humanitär Hëllef

Caritas fuerdert méi Autonomie fir ONGen am Accueil vu Flüchtlingen

D'ONGe solle méi Autonomie an der Gestaltung vum Alldag a Flüchtlingsstrukture kréien. Dat ass eng vun de Fuerderunge vun der Caritas um Weltdag vun de Flüchtlingen. Vill Tâchen an de Strukture ginn vun ënnerschiddleche Firmen iwwerholl, bedauert d'Carole Reckinger, Politesch Spriecherin vun der Caritas.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bis ewell sinn Organisatioune wéi d'Caritas just fir de sozialen Accueil zoustänneg, bedauert d'Carole Reckinger, Politesch Spriecherin vun der Caritas:

"Den Ament ass et sou, datt fir alles eng aner Firma agestallt gëtt. Et ass eng Firma, déi mécht de Gardiennage, eng Firma mécht d'Restauratioun, eng Firma mécht de Nettoyage. An eng Caritas oder Croix Rouge oder aner Organisatioun mécht dann déi Sozial Aarbecht."

Amplaz fir all Tâchë verschidde Firmen anzestellen, kéint een och de Flüchtlinge verschidden Aufgaben iwwerloossen an de Strukturen, erkläert d'Carole Reckinger weider.

"Et gëtt och Beispiller aus anere Länner wou travail communautaire gemaach gëtt, vun deene Leit déi an de Strukture wunnen, datt se sech mat abréngen. Et ass wichteg, datt d'Leit vun Ufank un ee Budget hunn, an deen och kënne selwer verwalten. Fir och méi Autonomie am Liewen ze kréien, fir och ee Fouss ze faassen an eiser Gesellschaft."

Ukrainesch Flüchtlingen als Beispill

Et kéint een och aus dem Beispill vun de Flüchtlingen aus der Ukrain léieren. Do wier séier reagéiert gi fir en temporäre Schutz-Statut an d'Liewen ze ruffen. Domat kruten déi Leit ënner anerem een direkten Zougank zum Aarbechtsmarché an zu Universitéiten. D'Caritas begréisst dëst Schnellverfaren a fuerdert, datt och aner Demandeure fir internationale Schutz dovunner kënne profitéieren, erkläert d'Carole Reckinger.

"Fir eis ass et wichteg, datt mir all Leit déi viru Krich flüchten oder viru groussen Erausfuerderungen an hirem Heemechtsland, datt déi all d'selwecht traitéiert ginn hei am Land. Datt mir net ufänken, Zwou-Klasse-Gesellschafte bei de Flüchtlingen hei op d'Been ze stellen."

Mee alles an allem misst den Accueil an de Flüchtlingsstrukture verbessert ginn: ënner anerem Psychologescht a medezinescht Personal misst iwwerall zur Verfügung stoen. Néideg sinn och Foyere fir Persoune mat spezifesche Besoinen, ewéi zum Beispill schwanger Fraen, fuerder d'Caritas.