Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux huet hir reegelméisseg Flich a China agestallt

Coronavirus

Cargolux huet hir reegelméisseg Flich a China agestallt

Bis den 11. Februar solle keng reegelméisseg Flich vun der d'Cargolux méi a China fléien. Dat huet d'Cargoairline op Nofro hi matgedeelt. Ausname sinn d'Charterflich mat Medikamenter u Bord.

auto_stories

1 min

Foto: Wolfgang Mendorf (Archiv)

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


Charterflich, déi medezinescht Material wéinst dem Coronavirus op d'Plaz bréngen, wieren awer méiglech, esou Cargolux. D'Pilote géifen an esou engem Fall awer net a China aus dem Fliger klammen.

D'Cargogesellschaft géif wärend dem Chineseschen Neie Joer, dat wéinst dem Virus bis den 9. Februar verlängert gouf, souwisou scho manner a China fléien. Deemno wier d'lescht Woch bis op de Cargofluch, dee medezinescht Material op d'Plaz bruecht huet, kee Fluch a China gewiescht.

Weider heescht et, datt de Management amgaang wier zousätzlech Sécherheetsmesurë wéinst dem Coronavirus ze plangen. Detailer dozou wollt d'Cargogesellschaft nach net matdeelen.

D'Cargolux flitt normalerweis 23 Mol d'Woch a China a véier Mol d'Woch an Taiwan.


Notiz: An enger éischter Versioun vun dësem Artikel war den Titel "Cargolux flitt de Moment net méi a China". Dat gouf verbessert: Bis den 11. Februar sinn effektiv keng reegelméisseg Flich méi geplangt, mee awer Charterflich.