Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannabis gëtt net legaliséiert

Drogepolitik

Cannabis gëtt net legaliséiert

100,7-Informatiounen no wëll d'Regierung just den Ubau vu Cannabis-Planze fir de private Konsum an a klenge Quantitéiten erméiglechen. De Verkaf wier - anescht wéi geplangt - weiderhin illegal.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / cendeced

Revirement an der Drogepolitik vun der blo-rout-grénger Koalitioun: Eisen Informatiounen no soll et anescht wéi am Koalitiounsaccord virgesinn net zu enger Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker kommen. Am Plaz ass gutt informéierte Sourcen no just nach geplangt, den Ubau vu Cannabis-Planzen duerch eng nei Reglementatioun z'erméiglechen. Dat wier da reng fir de private Konsum an a klenge Quantitéiten. De Verkaf wier domadder weiderhin illegal.

Kee staatlech kontrolléierte Verkaf

Am Koalitiounsaccord vun 2018 haten DP, LSAP an déi gréng d'Legaliséierung vum staatlech kontrolléierten Ubau a Verkaf vu Cannabis annoncéiert - een däitlech méi ambitiéise Projet, fir deen zejoert och een éischt Konzept vum Gesondheetsministère virlouch. Dëst gouf ënner den deemools zoustännege Ministeren Etienne Schneider (Santé) a Félix Braz (Justiz) ausgeschafft.

Déi dräi Koalitiounsparteie si sech eisen Informatiounen no am Summer driwwer Eens ginn, fir en anere Wee anzeschloen.

Juristesch Hürden am europäesche Kontext

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hat de Moien am 100,7-Interview confirméiert, datt no Alternativen zum urspréngleche Konzept gesicht gëtt. Fir eng Legaliséierung géif et am europäesche Kader eng Rei juristesch Hürden - an d'Pandemie hätt gewisen, wéi fragil Lëtzebuerg wier, wann d'Nopeschlänner d'Grenzen zoumaachen. Wéi eng Approche d'Regierung géif wielen, wollt d'LSAP-Ministerin awer net präziséieren.

D'Justizministerin Sam Tanson wollt sech op Nofro hin net zum Thema äusseren. Am 100,7-Interview wollt si rezent net kommentéieren, ob d'Regierung un der geplangter Legaliséierung vum Cannabis festhält.

D'Sam Tanson hat fir den Oktober een ëmfaassend Konzept zur Drogepolitik, Präventioun a Sécherheetsfroen annoncéiert. D'Paulette Lenert wollt sech de Moien net op en Datum festleeën.

Wéi d'Regierung 2018 d'Pläng fir d'Legaliséierung annoncéiert huet, goufen et positiv wéi negativ Reaktiounen. An der Grenzregioun goufen et Stëmmen, déi kritiséiert hunn, datt eng Legaliséierung zu Lëtzebuerg kéint zu Inkoherenzen an de Grenzregioune féieren.

Eischt Reaktiounen aus der Chamber

D'Fraktiounscheffin vun Déi Gréng Josée Lorsché wollt op eis Nofro hin net weider Stellung dozou huelen, well an der Regierung nach dru geschafft géing ginn.

Fir de Fraktiounschef vun der LSAP, Georges Engel, wier d'Decisioun och nach net kloer. Dofir kéint hien sech net konkret dozou äusseren. Hie wéisst, datt d'Legaliséierung vum Cannabis e wichtegt Element vum Koalitiounsaccord gewiescht wier, mee, genee wéi d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert, verweist och hien op e gréissere Kontext.

De Sven Clement ass sengersäits dann enttäuscht iwwer d'Decisioun vun der Regierung. Et wier ee weidert Verspriechen, dat net agehale géif ginn, esou den Deputéierte vun der Pirate-Partei op Twitter.

D'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen begréisst op Nofro hin, datt d'Regierung am Dossier Cannabis ee Réckzéier géif maachen. Iwwer den Ubau vu Cannabis fir de private Konsum géife sech awer nach eng Parti Froe stellen. D'CSV huet dann och eng demande de convocation fir déi zoustänneg Ministerinnen an eng jointe Santé-a Justiz-Chamberkommissioun gemaach.

Fir déi Lénk ass d'Decisioun een Zeeche vu Schwächt vu Säite vun der Regierung, heescht et an engem Schreiwes. D'Oppositiounspartei fuerdert, datt d'Aarbechten weider an d'Richtung vun der Legaliséierung vum Konsum an der Vente vu Cannabis weider ginn.

Jugendparteien net zefridden

Fir d'jonk Demokraten ass et nach ze fréi fir Conclusiounen ze huelen, mee falls de Projet "esou sollt virgestallt ginn, da kënne mir dat natierlech net einfach sou hinhuelen", seet de Michael Agostini. D'Legaliséierung hätt jo och am Koalitiounsvertrag gestanen. Genau sou wéi de President vun de Jonken Demokraten huet och den Amir Vesali vun de jonke Sozialisten sech oppe gewisen, fir sech zesummen un en Dësch ze setzen an Initiativ an dësem Dossier ze ergräifen.

Déi gréng Jugendpartei ass zwar der Meenung et bräicht ee méi en ëmfaassend Konzept an der Drogepolitik, wat virun allem och d'Präventioun an de Verkaf ugeet, mee de privaten Ubau hei wier schonn e gudden Ufank: "Ech gesinn dat als Belounung fir eist jorelaangt Engagement. Et spigelt zwar net onbedéngt eis Positioun als "déi jonk gréng" erëm, mee et ass awer e Schrëtt an déi richteg Richtung", esou de Joël Back. Op dësen éischte Schrëtt missten awer nach weiderer suivéieren.