Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannabis an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

Cannabis an de Wahlprogrammer

Wéi soll Cannabis an Zukunft reglementéiert ginn? An der Chamber war eng entspriechend Kommissiounssëtzung, déi sech mam Thema befaasst huet. Wat sinn d'Positioune vun de verschiddene Parteien?

auto_stories

4 min

Soll Cannabis legaliséiert sinn? D'Parteie positionéiere sech ënnerschiddlech am Wahlkampf. Foto: Bigstock / endeced.

Wéi virum Summer eng Petitioun, déi d'Legaliséierung vum Cannabis fuerdert, de Seuil vu den néidege 4.500 Ënnerschrëften erreecht huet, ass d'Diskussioun erëm opgedaucht. Dobäi positionéiere sech déi eenzel Parteien ënnerschiddlech.

déi gréng: Legaliséierung ënner strengen Oplagen

Cannabis schéngt en Ur-Thema vun de Gréngen ze sinn. An effektiv, déi gréng plädéieren och fir eng Legaliséierung ënner strengen Oplagen. Ubau, Import an Export sollen ënner staatlecher Kontroll sinn. Verkaf dierf just un erwuessen Awunner ginn. D'Sam Tanson erkläert, datt déi gréng hir Positioun an de leschte Joerzéngten net wierklech verännert hätten. Et wéilt een de Konsum op eng reglementéiert Aart a Weis zougänglech maachen, ënner anerem well de Konsum, op d'mannst mol fir erwuesse Leit, net méi geféierlech wier wéi aner Drogen, déi fräi zougänglech wieren.

DP: U verschidde Konditioune gekoppelt

Eng ähnlech Positioun huet och d'DP. Hire Fraktiounschef Eugène Berger erkläert, datt ee sech virstelle kéint, datt ee groussjäreg misst si fir Cannabis kënnen ze kafen, datt et nëmme minimal Quantitéite wieren, an datt eventuell och verschidde Konditiounen dru gekoppelt kéinte sinn. Wichteg wier et, datt just u Residente verkaf ka ginn.

déi Lénk: Fort vum penale Wee

Fir déi Lénk ass d'Diskussioun ëm Cannabis ze kuerz gegraff. Et misst een och iwwer aner Droge schwätzen, seet den David Wagner. De Verbuet vu veschiddenen Droge wier "e bëssen arbiträr", Alkohol beispillsweis wier komplett fräi, awer reglementéiert. déi Lénk sinn der Meenung, datt ee misst "eng reglementéiert Politik maachen" a "komplett vum penale Wee" ewechkommen.

ADR: Och haart Drogen u Süchteger ofginn

Ähnlech Wierder fënnt och de Roy Reding. D'ADR géif schonn zanter zéng Joer soen, datt och haart Drogen u Süchteger sollen ofgi ginn, fir Kriminalitéit ze bekämpfen. "Dat ass jo d'Wourecht hanner dem ganzen Drogenhandel, ob sougenannten douce Drogen oder haart Drogen. Dat ass, datt deen een, dee süchteg ass vun Heroin a sou weider, datt dee Beschafungskriminalitéit, an zweetens, datt déi, déi dat verkafen, jo domat hir Beneficer maachen." Dofir wéilt een haart géint Drogendealer virgoen, seet den ADR-Politiker.

LSAP: Cannabis erlaben a staatlech regelen

Am Wahlprogramm vun der LSAP steet, datt een de Verkaf a Konsum vu Cannabis wéilt erlaben a staatlech regelen. D'Cecile Hemmen ënnersträicht, datt de Cannabis haut vill méi staark ass, wéi dat nach virun 30 Joer de Fall war. Cannabis wier haut eng Realitéit, mee gläichzäiteg eng Gefor. "Dofir muss ee wierklech oppassen, wann een déi Dier opmécht", seet si.

CSV: Géint eng Legaliséierung

Fir d'CSV kënnt eng Legaliséierung net a Fro. Et géif ee sech awer oppe fir en Dialog weisen, esou d'Martine Mergen. Déi verschidde Konzepter, beispillsweis de kanadesche Modell, kéint een net eent zu eent op Lëtzebuerg iwwerdroen. Et misst een "all déi praktesch Froen [...] eng Kéier duerchdenke bis zum Schluss, éier ee seet: Mir sinn dofir". D'CSV géif dat net maachen. Et wier een "à ce Stade" dogéint, mee d'Martine Mergen weist sech bereet, fir no de Wahlen iwwer e méigleche Lëtzebuerger Model an der Zukunft ze diskutéieren.

Déi aner Parteien

Am Wahlprogramm vun déi Konservativ geet dovunner rieds, datt een de medezinesche Cannabis a Pharmafuerschung wéilt legaliséieren. Bei de Kommuniste kënnt d'Wuert "Cannabis" net vir, d'Pirate wëllen e "geduldte Besëtz vu Cannabis", an d'Biergerlëscht "Demokratie" huet kee Wahlprogramm.