Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paräis léisst Parken owes op

Canicule an de Stied

Paräis léisst Parken owes op

Gëschter sinn zu Paräis 41 Grad gemooss ginn. Domat war e Méindeg den drëttwäermsten Dag a Frankräich zanter den Opname vu Météo France am Joer 1947. Dozou koum och nach, datt d'Dampwollek vun de Bëschbränn am Departement Gironde nieft Bordeaux bis an den Norde gezunn ass. Dat huet d'Loftqualitéit an der Haaptstad weider verschlechtert. Wéi huet sech Paräis op d'Canicule virbereet?

auto_stories

2 min

Zu Paräis goufen de 19. Juli 2022 41 Grad gemooss. Foto: mshch, Bigstock

Paräis kacht vun Hëtzt a killt sech nëmme lues of. Et feelt u Gréngflächen, déi ëffentlech Plaze sinn dacks mat Granit beluecht an déi typesch Zënn-Diech absorbéieren d'Sonnestralung.

Dëst sinn alles perfekt Bedéngunge fir d'Schafung vun engem sougenannte "Îlot de Chaleur Urbain". Dowéinst muss d'Stad bei der aktueller Hëtztwell improviséieren.

Temporär Projete géint d'Hëtzt

Am Kader vu "Paris Plage" gouf am Bassin de la Villette am 19. Arrondissement e Schwammbaseng ageriicht, wou bis zu 2.000 Visiteuren den Dag gratis schwamme komme kënnen. D'Sans-Abrië kommen an enger Emmaüs Struktur ënner oder kënnen owes am Park schlofen.

Normalerweis maachen d'Paräisser Parken owes zou, mee bis de 4. September bleiwe si bis Mëtternuecht op, e puer esouguer déi ganz Nuecht. Hei kënne sech d'Awunner owes ofkillen. Sou och den 53 Joer alen Ahmed, dee wéinst der Hëtzt net aschlofe konnt:

"Je pense que tous les espaces de verdures devraient être ouvert la nuit pour bien dormir, pour recupérer de la journée dans ce parc."

Och laangfristeg Mesure geplangt

Op déi kléng Projeten duerginn, bleift ze bezweiwelen. An de nächste Joerzéngte sollen d'Temperaturen hei am Summer bis op 50 Grad klammen. Dofir wëll d'Stad an de nächste véier Joer duebel esou vill Beem planzen an dräi mol méi Privatwunnenge renovéieren.

Verschidde Klimaexperte warnen awer, datt d'Strategie net ambitiéis genuch wier, fir sech géint Hëtztwellen wéi déi vun 2003 adequat virzebereeden. Un der Canicule sinn deemools a Frankräich ronn 15.000 Leit verstuerwen.

Fir dëse Mount soll awer schonn den Temperatur-Héichpunkt an der Haaptstad erreecht gi sinn.