arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Campingen zu Rouspert a Bur schwéier getraff

Iwwerschwemmungen

|
reading time

2 min

Campingen zu Rouspert a Bur schwéier getraff

Ganz uerg getraff goufen an der Gemeng Rouspert-Mompech, déi zwee Campingen zu Rouspert a Bur. 90 Prozent vun de 86 Roulotten a Mobilhomen déi zu Bur am Camping stounge si komplett zerstéiert.

reading time

2 min

Et gesäit chaotesch aus um Camping vu Bur. Wéinst dem Héichwaasser op der Sauer hunn d'Waassermasse Villes lassgerappt a matgeschleeft, déi sanitär Installatioune sinn zerstéiert. Den Informatiounsbüro an de Restaurant la Terrasse musse gefléckt ginn. Ee Bilan kéint een dann nëmmen zéien, wann d'Waasser sech zréckgezunn huet, seet d'Monique Pissinger, Presidentin vum Syndikat Bur Méischdref, deen de Camping geréiert.

De Patrick Hirtes vum Syndikat vum Rousperter Camping präziséiert, datt si an der Vergaangenheet kaum Iwwerschwemmungen haten, déi Kéier koum de Reen vun uewen erof an eng Baach déi iwwergelaf ass, an der Nuecht koum dunn d'Héichwaasser vun der Sauer. Och do ass Villes futti.

D'Monique Pissinger wëllt op kee Fall opginn, et géifen och 17 Persounen um Camping an am Restaurant schaffen. Déi Plaze wëllt een och erhalen.

Fir de Buergermeeschter vu Rouspert Mompech de Romain Osweiler ass et kloer, datt béid Campingen nees opgeriicht ginn. Wéi laang dat wäert daueren, dat wier eng Fro déi een elo net kéint beäntwerten.

Fir den Ament geet et drëm d'Awunner z'ënnerstëtzen, där hir Haiser uerg beschiedegt goufen. Verschiddener hunn Schued am Keller, bis hin zum éischte Stack.

Problematesch bleiwen d'Mazoutstanken, déi ëmgefall sinn. D'Gemeng brauch d'Urgence Stockéierungsméiglechkeete fir de Mazout deen erausgepompelt gëtt z'entsuergen.