Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Campingen no den Iwwerschwemmungen

Linda Gedink

Campingen no den Iwwerschwemmungen

Déi meescht Campingen déi ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hu leien un de Flëss. 90 Prozent vun deene sinn elo nees prett fir Touristen z'empfänken, betount d'Linda Gedink Generalsekretärin vun der ASBL Camprilux, eng Vereenegung vun de Campingen déi a privaten Hänn sinn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Iwwerschwemmungen hu virun Allem déi Campinge getraff déi laanscht Flëss a Baache leien. Iwwerall do wou et vill gereent huet sinn d'Flëss aus hirem Bett erauskomm. D'Campinge waren ënnerschiddlech duerch d'Waassermasse getraff, sou datt e puer Deeg dono déi meescht hir Diere nees opgemaach hunn. Et ginn nach Plaze wou nach dat Eent oder dat Anert muss gefléckt ginn. Do wier awer scho ganz vill Aarbecht geleescht ginn, preziséiert d'Linda Gedink.

Héichwaasser Warnsystem huet funktionéiert

D'Campingen déi a privater Hand leien si gréisstendeels Member vun der Camprilux, der Vereenegung vun de Lëtzebuerger Campingen déi vu Private geréiert ginn. Am Fall vun Héichwaasser ginn d'Memberen automatesch iwwert eng SMS gewarnt.

"Mir hunn ënnert de Campingen ee System fir deenen, déi sech op eng Lëscht ageschriwwen hunn, mat Zäiten eng SMS ze verschécke wa mer gesinn datt d'Peegelstänn méi klammen ewéi Normalt. Dat funktionéiert och ganz gutt. Ech mengen dat huet och gehollef datt mer keng Affer ze bekloen haten. Wat awer elo de Site inondations.lu an déi App déi dozou gehéiert ugeet, do war am Laf vum 15te Juli am Nomëtteg keng Aktualiséierung méi. Vu verschidde Peegel hate mer keng Informatioun méi. Do misst ee villäicht eng Kéier kucken u wat dat hänkt, datt dat an Zukunft net méi virkënnt."

Iwwerschwemmungen a Reen haten een Impakt op den Tourismus

Camping a schlecht Wieder dat wier eppes wat net ëmmer géif zesumme passen. Vill Touristen hunn an de Campingen ugeruff fir sech iwwert déi lokal Situatioun z'informéieren. An de Nopeschlänner wier d'Informatioun iwwert Lëtzebuerg ëmmer zimmlech moer gewiescht, bedauert d'Linda Gedink.

"Dat heescht mir hate ganz vill Telefonsuriff vu Camper, déi gefrot hunn ob si iwwerhaapt kéinte kommen, ob d'Stroosse fräi wieren, ob se wëllkomm wieren an ob se zu Lëtzebuerg eppes kéinten ënnerhuelen."

Staat huet Hëllef ugebueden

D'Regierung hätt ganz generéis Hëllefen ugebueden. Déi Aiden hänken dovunner of ob et sech em ee private Betrib handelt, mat enger Autorisation d'établissement. Da kritt een eng Hëllef vum Wirtschaftsministère. Wann et sech awer em ee Camping vun der Gemeng handelt da kritt een Hëllef vum Inneministère. A fir d'Syndicat d'iniative do soll nach gekuckt ginn, wéi déi gehollef kënne ginn, preziséiert d'Linda Gedink.

Duerch d'Héichwaasser kéinten Nei-Orientéierunge decidéiert ginn

A ville Campingen hu Lëtzebuerger een eegene Mobilhome oder eng fix Plaz. Versécherunge kommen net derfir op wann d'Roulotte oder de Mobilhome duerch Héichwaasser zerstéeirt gëtt. Déi Läit déi hire Mobilhome verluer hunn, mussen nei dran investéieren, betount d'Linda Gedink.

"Mee och d'Campinge mussen elo kucken ob se op déi Aart a Weis wëllen de Camping weiderféieren. Si kéinten och een anere Wee aschloe fir op den Touristesche Plaze villäicht méi Locatiounen oder Glamping unzebidden oder eng nei Form vun Dauercamping opzebauen, villäicht och mat Tiny Houses, wat och ee Beräich ass dee méi aktuell ass. Do wäerten sech déi meescht och Gedanke maache wéi se villäicht déi Plazen déi elo fräi gi si wäerten opfëllen."