Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Clervaux

Lëtzebuerg entdecken

Camping Clervaux

Déi mannste Leit hei am Land wëssen, datt et zu Klierf e grousse Camping gëtt, mat gehëtzter, oppener Schwämm a mat enger fusch-neier Minigolf-Anlag. An nach manner Leit wëssen héchstwahrscheinlech, datt dëse Camping engem fréiere Generaldirekter vun der ARBED ze verdanken ass. De Claude Faber war fir eis Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" Klierf - fir sech selwer - och nei entdecken.

auto_stories

3 min

E bësse Lëtzebuerger Geschicht gefälleg? Den Terrain op deem de Klierfer Camping am Joer 1959 gebaut gouf, huet der Famill Meyer gehéiert. Dobäi ass den Aloyse Meyer, am Joer 1883 zu Klierf gebuer, keen anere wéi de fréiere Generaldirekter vun der ARBED a President vum Verwaltungsrot vun der Zigarettefabrick Heintz-Van Landewyck.

Den Aloyse Meyer huet deemools déi grouss Gierwerei vu sengem Papp op der Peusch-Millen net konnten iwwerhuelen, well déi - dat ass an den Archive vum Lëtzebuerger Wort nozeliesen - duerch e Groussbrand am Joer 1889 bal komplett zerstéiert gouf. Den Aloyse Meyer ass op Oochen Diplom-Ingenieur studéiere gaangen an huet seng Carrière 1903 als Bau-Ingenieur op der Diddelenger Schmelz ugefaangen. Nëmmen néng Joer dono ass hien Direkter vun der Diddelenger Schmelz ginn, an nach emol aacht Joer duerno, also 1920, konnt hie sech scho Generaldirektor vun der ARBED nennen.

E Bléck op d'Geschicht vum Aloyse Meyer

1925 gouf den Aloyse Meyer President vun der Chambre de commerce an 1928 President vun der europäescher Stol-Unioun. Mat der Eugénie Heintz bestuet, dem Urkandskand vum Grënner vun der Zigarettefabrick Heintz-Van Landewyck, huet den Aloyse Meyer 1931, nom Doud vu sengem Schwéierpapp Victor Heintz, och nach d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun Heintz Van Landewyck iwwerholl. Eng Funktioun, an där hie bis zu sengem Doud bliwwen ass.

Kuerz virun der Befreiung, am September 1944, gouf den Aloyse Meyer vun der Gestapo verhaft an als Schutzhäftling an Däitschland verschleeft, wou hien e puer Méint dono awer schonn nees fräikoum. Eréischt Jore méi spéit gouf bekannt, datt hien vun 1942/43 un, karitativ a Resistenz-Organisatiounen héich Geldzommen aus sengem Privatverméigen zoukomme gelooss huet an deemno fir d'Nazi-Okkupanten och eng Gefor duergestallt huet.

60 Joer Camping zu Klierf

Et kënnt also net vun ongeféier, datt zu Esch-Uelzecht ee Boulevard no him benannt ass, zu Bouneweg et de Square Aloyse Meyer gëtt, an och zwee Fussball-Stadie säin Numm droen, nämlech een zu Diddeleng an een zu Klierf, direkt nieft dem Klierfer Camping.

Viru genee 60 Joer, also 1959, huet d'Klierfer Gemeng um Terrain vun der Famill Aloyse Meyer hire Camping opgemaach. Haut gëtt et do 120 mat Hecke getrennte Stellplazen ze lounen. Eng Indoor-Spillplaz, eng gehëtzten oppe Schwämm, an ee vun de wéinege Minigolfen hei am Land, ergänzen d'Offer. Mee och soss! Et muss ee scho méi wéi e puer Deeg aplangen, fir zu Klierf all historesch a kulturell Attraktivitéite wëllen ze gesinn. Vläicht e gudde Grond, fir sech um Camping ee vun de moderne Mobil-Homen ze lounen a vun do aus da mam Vëlo oder zu Fouss alles kucke goen. D'Benediktiner-Abtei an d'Klierfer Schlass, mat der Family of Man Ausstellung vum Edouard Steichen sinn dobäi déi bekanntsten Attraktivitéiten. De Musée de la Bataille des Ardennes an de Maquettë-Musée vun de Lëtzebuerger Schlässer kennt de Lëtzebuerger dann awer scho vläicht manner gutt.

En neie Bléck op Klierf

Zanter enger Rei Jore gesäit sech Klierf och als Cité de l'image, ee Motto ënner deem - ënner fräiem Himmel - op aacht vereenzelte Plazen am a ronderëm d'Duerf groussformateg Foto-Installatiounen ze entdecke sinn. All zwielef Méint ginn d'Wierker vu Lëtzebuerger an och auslännesche Foto-Kënschtler ausgewiesselt a ginn domat dëser Fräiliicht-Galerie reegelméisseg eng nei Nues.

Mäi Besuch um Klierfer Camping huet mech perséinlech Klierf nees nei entdecke gelooss.