Aus Siicht vum Parquet wiere Gewaltvideoen eng Erausfuerderung. Vill verschidden Aspekter an Acteure misste matenee geréiert ginn, esou de Procureur d'Etat adjoint David Lentz bei der Presentatioun vun der neier Campagne.
"Mir wëlle kloer de Message vermëttelen, datt dat verbueden ass, déi Gewaltvideoen ze filmen."
D'Filmer verstäerken d'Gewalt
Zeien, déi Gewalt filmen, riskéiere wéinst non-assistance à personne en danger bestrooft ze ginn, Strofe bis maximal fënnef Joer Prisong si méiglech, warnt de Vertrieder vum Parquet.
"Dat Filme bréngt duerno eng victimisation secondaire vum Affer. Net nëmmen déi Erniddregung, déi Schléi op der Plaz, mee dat dréint duerno en boucle op de réseaux sociaux, an do komme mer net méi eraus."
D'Police encouragéiert d'Affer fir Plainten ze maachen, esou den Tim Pauly vum Service Kriminalitéits-Preventioun. Och wann een een Affer kennt, oder an engem Video erkennt, soll een et dozou brénge bei d'Police ze goen.
Net dat néidegt Bewosstsinn bei de Jonken
Jonker wiere sech dacks net bewosst, datt si sech mam Deele vun engem Video strofbar maachen, seet de Minister Claude Meisch.
"Wa keen et géif deelen, géif et warscheinlech ganz schnell keng Gewaltvideoe méi ginn."
Dowéinst wier et wichteg, de Message vun dëser neier Campagne un déi Jonk ze bréngen.
An a Relatioun mat deene Mobbing- a Gewaltvideoen, déi Zeenen an der Géigend vun der Zithaklinik weisen, an déi viru knapp engem Mount verëffentlecht gi waren, géifen nach Investigatioune lafen, esou haut de Procureur d'Etat adjoint David Lentz op eis Nofro hin. D'Kriminalpolice wier mat enger "Serie vu Saachen am gaangen". Dësen Dossier wier net ofgeschloss. Zum Inhalt vun der Enquête konnt de Vertrieder vum Parquet näischt soen.