arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camille Fohl neie Spuerkeess-President?

Spuerkeess

|
reading time

1 min

Camille Fohl neie Spuerkeess-President?

De Finanzminister proposéiert de Camille Fohl, fréieren Direktiounsmember bei der BGL, fir de Poste vum President vum Spuerkeess Verwaltungsrot. Dat soen eis gutt informéiert Sourcen. D'Propos géif e Freideg am Regierungsrot diskutéiert ginn, heescht et.

reading time

1 min

De Camille Fohl soll also de Poste vum aktuelle Spuerkeesse President, Victor Rod, iwwerhuelen. De Camille Fohl hätt d'Prozedur bei der Europäescher Zentralbank iwwerstanen, soen eis gutt informéiert Sourcen. D'EZB muss bei enger Nominatioun bei systemesche Banken hiren Accord ginn.

De Camille Fohl war vun 2013 bis Mäerz dëst Joer President vu BNP Paribas Däitschland.

D'Kandidatur vum Camille Fohl kënnt nodeems den Henri Grethen seng Kandidatur d'lescht Joer zréckgezunn hat, fir Spuerkeess-President ze ginn. Grënn goufen deemools keng genannt. Seng Chancë fir zu Frankfurt gréng Luucht ze kréien, stoungen deemools allerdéngs schlecht. D'EZB wollt d'Nominatioun refuséieren.