Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caféen a Restaurante kënnen erëm opmaachen

Deconfinement

Caféen a Restaurante kënnen erëm opmaachen

Vun e Mëttwoch u kënnen d'Caféen an d'Restaurante d'Terrassen erëm opmaachen, vun e Freideg u kann d'Horesca ënner Oplagen erëm ganz opmaachen. Et kommen och nach aner Oplockerungen.

auto_stories

3 min

Déi éischt Ännerunge betreffen d'Rassemblementer. Et wäert weider bei de sechs Leit bleiwen, déi een doheem kann empfänken. Och bei Rassemblementer dobausse bleift et bei 20 Leit. Bei Zeremonië wéi beispillsweis Hochzäiten oder bei enger Demo, kënne méi wéi 20 Leit zesummekommen, am Respekt mat den Hygiènes-Mesuren.

Bei Manifestatiounen, wéi zum Beispill an der Kultur, Kino, Sport, Kongresser, bei de Culten, wier et vun e Freideg u méiglech, datt méi Leit drun deel huelen. Et muss ee sech heifir awer umellen an et muss een déi ganzen Zäit eng Mask undoen, an d'Distanz vun zwee Meter muss bäibehale ginn. Bei de Choralle gëtt nach op Detailer gewaart.

Bei de meeschte Culte wäerten d'Leit sech mussen umellen, seet de Staatsminister. Dat wier och mat der CNPD ofgeschwat ginn. Et kéint keng Datebank mat den Donnée vun de Leit ugeluecht ginn. Bei de Culten, Kino asw ass keng maximal Unzuel u Leit virgesinn, virausgesat, datt déi zwee Meter Distanz agehale ginn. Zum Sport preziséiert d'Paulette Lenert, datt banne Sport gemaach ka ginn (Fitnesszenteren, asw), mee Kontaktsport bleift weider verbueden.

Terrasse vun e Mëttwoch un op

Caféen a Restaurante kënne vun e Freideg un erëm ganz opgoen, mat Restriktiounen. Vun e Mëttwoch u kënnen Terrassen erëm opgoen. Et gëllt awer d'Restriktioun vun 1,5 Meter Ofstand, et kann awer Plexiglas tëschent den Dëscher opgestallt ginn. Et gëllt e Maximum vu véier Leit un engem Dësch, ausser déi Leit, déi zesummen an engem Stot wunnen. D'Personal muss eng Mask un hunn. Fräi Nuechte sinn net virgesinn, seet de Xavier Bettel. D'Spärstonne ginn op Mëtternuecht reduzéiert.

Bei Caféen a Restauranten mussen Dëscher installéiert sinn. Caféen, wou d'Leit stinn, dierfe keng Gäscht empfänken, preziséiert de Xavier Bettel. Leit am Restaurant op engem Dësch musse keng Mindestdistanz anhalen, preziséiert d'Paulette Lenert. Bei Buffete mussen d'Leit hir Mask unhalen, an et dierf ee just zu véier un engem Dësch iessen, erkläert de Xavier Bettel.

De Commerce kann och vun e Freideg un erëm ganz opgoen, dorënner och Fitnesszenteren, ausser de Wellness-Beräich. Spillplaze bleiwe weider zou.

D'Zuelen am Bléck halen

D'Paulette Lenert ënnersträicht, datt ee sech weider Zäit wëllt loossen tëschent de Mesuren, fir d'Zuelen erëm ze analyséieren. "Villes ass méiglech mat Oplagen", seet d'Gesondheetsministerin. Villes wier opgaangen, ouni datt d'Zuelen eropgaange wieren. "Mir hunn déi beschtméiglechst Ausgangspositioun, mee de Virus ass nach ëmmer do." Et wier dohier wichteg, fir nach ëmmer d'Hygiènes-Mesuren anzehalen.

Wäert et méiglech si geschwënn erëm an d'Belsch oder Frankräich fueren? De Xavier Bettel hofft, datt dës Woch Annoncë kommen. Et géif awer keng offiziell Kommunikatioun ginn.