Enger breeder Ëffentlechkeet si Burschenschaften an Éisträich bekannt, wéinst dem Akademikerball, dee si all Joers zu Wien organiséieren. Dëse suergt ëmmer nees fir vill Protester a gëllt als Treffpunkt vun der extrem Rietser an Europa. De Bernhard Weidinger ass Fuerscher am Dokumentationsarchiv des österreichischen Widerstandes an ass do zoustänneg fir déi rietsextrem Zeen an Éisträich ze beobachten. Et géif en Ënnerscheed ginn tëscht kathouleschen an däitsch-vëlkesche Verbindungen. Déi Däitsch-Vëlkesch hätten eng kloer politesch Agenda, fir déi si sech géifen engagéieren.
Entstane sinn d'Burschenschaften 1815 zu Jena, wou déi sougenannten Urburschenschaft gegrënnt gouf. Vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert un entsti Burschenschaften och an Éisträich. Um Ufank hu souwuel konservativ wéi iberal an och däitsch-national Stréimungen niewenteneen existéiert. Et koum awer séier zu engem ideologesche Verhäerden, erkläert de Bernhard Weidinger.
Verbindungen zum Nationalsozialismus
D'Burschenschaften an Éisträich wieren deemools, nach méi wéi an Däitschland, Pionéier vum Nationalsozialismus gewiescht. Dofir hätte si och während der NS-Herrschaft hire Bestand kënnen ofsécheren. Nom Krich waren d'Burschenschaften als Ënner-Organisatioun vun der NSDAP verbueden, mee si hu sech awer ganz séier nees nei gegrënnt. Dofir géif et och haut nach Burschenschafte ginn. "Diese stehen sowohl im Brauchtum, im männerbündischen Charakter und im Ideologischen in der ursprünglichen Tradition", seet de Bernhard Weidinger.
Zanter der Grënnung vun der aktueller Regierungspartei FPÖ nom Krich, goufen et staark Verbindungen zu de Burschenschaften. Dobäi spillen d'Burschenschafte souwuel ideologesch wéi organisatoresch eng wichteg Roll an der extrem Rietser an Éisträich.
Scharnéier tëscht Rietsextremen an FPÖ
Et kéint ee sech d'Burschenschafte als Scharnéier tëscht der ausserparlamentarescher extrem Rietser an dem parlamentareschen Aarm vun der FPÖ virstellen. "Es findet ein Ideologietransfert statt, vom außerparlamentarischen Raum in die FPÖ und somit ins Parlament und die Öffentlichkeit", sou de Bernhard Weidinger.
Vun Enn den 80er bis Ufank den 2000er Joren hunn d'Burschenschaften un Afloss an der FPÖ verluer. Den deemolege Parteichef vun der FPÖ Jörg Haider huet en éisträicheschen Nationalismus vertrueden a wollt näischt vun de grouss-däitschen Iddie vun de Burschenschafte wëssen. Vun 2005 un, mam neie Parteichef Heinz-Christian Strache, konnten d'Burschenschaften hir Positioun an der Partei erëm stäerken, erkläert de Bernhard Weidinger. Duerch d'Regierungsbedeelegung vun der FPÖ goufen elo och vill héich Posten am éisträichesche Staat mat Burschenschaftler besat.
D'Unzuel un däitsch-national Verbindunge zu der FPÖ huet de Barhard Weidinger opgeschlësselt:
- 18 vun 51 FPÖ-Deputéierten
- zwee Ministeren
- zwee Generalsekretären
- dräi Chef de cabineten
- wéinstens sechs Mataarbechter an de Ministèrë vun der FPÖ
Och am Bundesparteivorstand vun der FPÖ hätten dës Verbindungsleit eng absolutt Majoritéit, sou de Bernhard Weidinger.
Och zwee vun de véier Europa-Parlamentarier vun der FPÖ si Member bei enger däitsch-nationaler Verbindung. Dës däitsch-national Verbindungen hu schätzungsweis ronn 4.000 Memberen an Éisträich. Dofir datt si nëmmen e ganz klengen Deel vun der Bevëlkerung an Éisträich ausmaachen, ass hiren Afloss, an domadder och den Afloss vun enger däitsch-vëlkescher Ideologie, op d'Politik immens grouss.
Den Dossier vum Dag vum Stephan Polet: