Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundestagswahl: "Keng irrational Welt vu Fake News"

Däitschland

Bundestagswahl: "Keng irrational Welt vu Fake News"

De Brexit-Referendum an d'Wahlen an den USA wären "Ausname" gewiescht, seet den däitsche Politolog Thorsten Faas. Bei der Bundestagswahl géife politesch Inhalter eng wichteg Roll spillen.

auto_stories

2 min

D'Angela Merkel (CDU) läit an Ëmfroen am Moment iwwer 15 Prozentpunkten virum Martin Schulz (SPD). Den Thorsten Faas mengt de Wahlkampf kéint trotzdeem nach spannend ginn: "Mir wëssen, datt 30 bis 40 Prozent vun de Wieler nach net decidéiert sinn." Si géife sech eréischt an den nächste Woche seriö Gedanken driwwer maachen, wéi enger Partei si hir Stemm wëlle ginn.

D'SPD muss sech méi kloer positionéieren

Wann d'SPD dës Wieler nach wéilt iwwerzeegen, da misst se hiert Haaptthema, d'Gerechtegkeet, virun der Wahl vum 24. September nach méi kloer definéieren: "Dëst Thema kënnt bei de Leit an Däitschland am Moment nach net sou richteg un, well et dem Land ekonomesch gutt geet. Et geléngt der SPD bis elo net, ze weisen, datt et trotzdeem weiderhi Gerechtegkeetsfroen gëtt, iwwer déi et sech lount, ze streiden." Fir dat z'erreechen, misst d'SPD hir Positioune méi mat konkrete Beispiller illustréieren, mengt den Thorsten Faas.

De Politikwëssenschaftler ass iwwerzeegt, datt politesch Inhalter an Däitschland weiderhin eng grouss Roll spillen, wann et drëms geet, d'Wieler z'iwwerzeegen. Et géing net duer goen, just mat den Emotiounen ze spillen: "De Brexit-Referendum an d'Wahlen an den USA waren do éischter Ausnamen. Mir solle net sou maachen, wéi wann d'Welt just nach aus enger komplett irrationaler Kombinatioun vu Fake News a Stëmmunge géif bestoen. Ganz sou düster ass d'Bild net."