Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  New Order - Blue Monday '88

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Budget 2019: Croissance vun den Ausgaben

Depot vum Budget

Budget 2019: Croissance vun den Ausgaben

Wéinst neien Ausgabe kéint de Staatsbudget vun dësem Joer mat engem Defizit vu 650 Milliounen Euro ofschléissen. Dat gesäit de Budgetsprojet vir, deen de Finanzminister Pierre Gramegna de Moien an der Chamber presentéiert huet.

auto_stories

3 min

D'Hausse vum Mindestloun soll de Staat ronn 60 Milliounen Euro kaschten, d'Baisse vun der Betribsbesteierung ronn 50 Milliounen. Och vill aner Budgetsposte ginn dëst Joer vun der Blo-Gréng-Rouder Regierung an d'Luucht gesat. De Finanzminister huet och d'Hausse vun den Accisen um Sprit confirméiert. De Liter Bensin gëtt 1 Cent méi deier, de Liter Diesel 2 Cent de Liter. Doduerch sollen 2,5 Milliounen Euro zousätzlech Steierrecetten ufalen. Dat wier e limitéierten Impakt mat enger Symbolwierkung, esou de Pierre Gramegna. D'Regierung wéilt evitéieren datt Lëtzebuerg wéinst den nidderege Spritpräisser Strofen an der Klimapolitik muss bezuelen.

Haapt-Akzenter

Knapps dräi Méint no der Regierungserklärung confirméiert de Budget eenzel Ukënnegungen aus dem Koalitiounsaccord:

  • Den Taux vun der Kierperschaftssteier gëtt ëm ee Punkt op 17 Prozent erofgesat
  • D'TVA-Tauxe op Hygiènes-Artikele fir Fraen a fir e-books falen op 3 Prozent
  • D'Augmentatioun vum Mindestloun ëm 100 Euro netto, déi jo zum Deel vun de Patronen (+ 2 Prozent um Brutto), zum Deel awer och vum Staat gedroe gëtt, kascht d'ëffentlech Hand ronn 60 Milliounen Euro d'Joer iwwer en neie Steierkredit.
  • D'Accisen op Bensin an Diesel ginn ëm ee respektiv 2 Cent de Liter an d'Luucht.
  • D'Reform vum Congé parental, déi virun de Wahlen decidéiert gouf, kascht de Staat vun dësem Joer un 43 Prozent méi, wéi virdrun; elo ronn 237 Milliounen Euro.
  • De REVIS geet ëm 27 Prozent an d'Luucht
  • De Logements-Mininstère kritt 6,8 Prozent méi Budget.
  • Deierste Ressort ass d'Educatioun, mat fir d'éischt Kéier 2,5 Milliarden Euro
  • Beim Staat ginn 950 nei Vollzäit-Aarbechtsplaze geschaaft. Dat entsprécht enger Augmentatioun vun 250 Milliounen Euro.

Finanzielle Kontext

Domat maachen d'Salairen dëst Joer 23 Prozent vun de Staatsausgaben aus. Ausgaben, déi dëst Joer also däitlech vun der Blo-Gréng-Rouder Regierung an d'Luucht geschrauft ginn: D'Depensë sollen em bal sechs Prozent klammen. Beim Zentralstaat hëlt d'Koalitioun en Defizit vu 650 Milliounen Euro a Kaf.

D'lescht Joer war den Zentralstaat fir d'éischte Kéier zënter zéng Joer net méi am Defizit, sou de Finanzminister. Dëst Joer ass dat nees anescht. Wéinst den héijen Ausgabe rechent d'Regierung beim Zentralstaat mat engem Defizit vu 650 Milliounen Euro, 1,1 Prozent vum PIB.

Et wier méiglech gewiescht fir dëst Joer en equilibréierte Budget ze presentéieren, sou de Pierre Gramegna. D'Regierung hätt awer d'Investissementer héich halen, am soziale Secteur weider Investissementer maachen. Dat alles, andeems ee sech u viirsiichteg Projektiounen hält.

Den Defizit dëst Joer gëtt vun der Regierung also als e bewosste Choix bezeechent. De Finanzminister huet am éischten Deel vu senger Ried eng laang Lëscht opgezielt vu Budgetsposten, déi staark klammen. Dës Investissementer géife sech an Zukunft awer rechnen, sou de Finanzminister.

Och déi dräi nächst Joer gesäit de Finanzminister nach en Defizit beim Zentralstaat vir. Mee 2022 soll et just nach e Minus vu ronn 40 Millioune sinn. Alles dat wier virsiichteg, well d'Staatsschold géif par Rapport zum PIB weider erofgoen. An den europäesche Stabilitéitspakt géif agehale ginn, d'ganz Legislaturperiod iwwer.