Radioen

On air

Simon Says  |  Incognito - Nights Over Egypt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Déi lescht Joren hu Spueren hannerlooss

Réck- an Ausbléck

Brexit: Déi lescht Joren hu Spueren hannerlooss

Den Owend um eelef Auer Lokalzäit trëtt Groussbritannien aus der EU aus. Zu Lëtzebuerg plangen eng Partie Organisatiounen dofir eng sekulär Zeremonie. D'Zäit vum Protest a vun den Ausernanersetzunge wier eriwwer, seet d'Fiona Urquhart, Vertriederin vu Labour International hei am Land. Mee si, de Chris Garatt vun de Liberal Democrats an de britteschen Ambassadeur John Marshall, si sech eens, datt déi lescht Jore Spueren hannerlooss hunn. D'Françoise Keller huet mat hinnen doriwwer an iwwer d'Erausfuerderunge fir d'Zukunft geschwat.

auto_stories

4 min


Dat ganzt Gespréich mat der Fiona Urquhart, dem John Marshall a mam Chris Garatt iwwer de Brexitplay_arrow


"Ech mengen et ass een Theema, dat an dividéiert, fir vill Leit a Groussbritannien an och fir Leit hei. De Brexit huet fir Ausernanersetzunge bannent Famille gesuergt", seet d'Fiona Urquhart vu Labour International zu Lëtzebuerg. D'Attentat op an den Doud vun der Brexit-Géignerin a Labour-Politikerin Jo Cox wier an hiren Aen een Zeeche fir d'Spaltunge bannen der brittescher Gesellschaft. De Chris Garratt vun de Liberal Democrats bezeechent sengersäits déi lescht dräi Joer als Trauerperiod. Et géif een eppes ganz Wäertvolles opginn, an et wéisst een nach net fir wat, an ob een et iwwerhaapt fir eppes agewiesselt hätt.

Et wieren dräi laang Jore gewiescht, seet sengersäits de britteschen Ambassadeur, John Marshall.

"Sou wéi ech d'Saach gesinn, ass haut ee wichtege Meilesteen an eiser Geschicht. Et ass een neit Kapitel. An d'selwecht, wéi wann ech a mengem Liewen een neit Kapitel ufänken, ass e gewësst Gefill vun Opreegung an Optimismus domat verbonnen."

Hie seet sech perséinlech ganz zouversiichtlech fir d'Zukunft. Mee och hie gesäit de Brexit als een Theema, wat Groussbritannie gedeelt huet. De Premier Boris Johnson hätt ugekënnegt, datt Groussbritannie misst zesummekomme fir déi Differenzen ze iwwerwannen a sech op d'Zukunft ze konzentréieren. Déi brittesch Regierung hätt ee ganz kloren innepolitesche Programm a géif de Fokus op den nationale Gesondheetssystem an op verstäerkt Kontrolle setzen. Hie geet dovun aus, datt d'Regierung déi nächst Zäit mat innepoliteschen Aspekter a mat Handels-Verhandlunge beschäftegt ass.

Chris Garratt: Dauer vun Transitiounsphas geet net duer fir e Fräihandelsofkommes tëschent der EU a Groussbritannien finaliséieren

Nom Austrëtt aus der EU fänkt fir Groussbritannie bis Enn des Jores eng Transitiounsphas un, bannen där d'Britten am EU-Bannemaart an an der Zollunioun bleiwen. An där Zäit solle béid Säiten ee Fräihandelsaccord ausschaffen. Dat wier awer net realistesch, mengt de Chris Garratt.

"Et maach méiglech sinn, datt een d'Ëmrëss an e puer Méint kann zeechnen. Mee den Däiwel läit am Detail. An dat ass sécher dat, op dat déi meescht Expats waarden. Den Detail. Et ass an der Rei ze soen, jiddwereen ass wëllkomm an et gëtt kee Problem. Mee mir mussen an den Detail goen. Wéi ginn Openthaltsgeneemegunge verginn? Wie gëtt net ugeholl an aus wéi enge Grënn? An da kënne mir wëssen, ob et een erfollegräicht Resultat huet. Den Ament ass et absolut net kloer."

Fir den Ament ass nach net vill iwwer d'Pläng fir d'zukünfteg Handelsrelatiounen tëschent Groussbritannien an der EU gewosst. De brittesche Premier Boris Johnson soll sech d'nächst Woch zu de brittesche Prioritéiten äusseren, sou den Ambassadeur John Marshall. D'Verhandlunge géife viraussiichtlech am Mäerz ufänken.

"De Premier huet et kloer gemaach, datt et keng Verlängerung vun der Transitiounsphas wäert ginn. Si mir der Meenung, datt d'Zäit, déi mir zur Verfügung hunn, duergeet fir ee gudden Accord ze fannen? Jo."

Wéi eng zukünfteg Relatiounen tëschent de Standarden?

Et hätten nämlech scho vill Diskussiounen iwwer déi generell Form ginn. Als rout Linn wier bis ewell festgehale ginn, datt Groussbritannien net am EU-Bannemaart an an der Zollunioun géif bleiwen. Eng Fro wäert sinn, ob de Boris Johnson d'Kär-Standarde vun der EU a Saachen Ëmweltschutz, Aarbechter- a Konsumenteschutzrechter wäert ënnerschreiwen, an ob hien onfair staatlech Subventioune wäert evitéieren.

"Déi Thematike wäerten zentral si bei de Verhandlungen. Et ass dat, wat d'EU "level playing field" nennt, a wat mir oppen a fair Konkurrenz nennen." Et wier awer kloer, datt Groussbritannie weider héich Standarden hätt, d'Ëffentlechkeet géif dat fuerderen. D'Groussbritannien hätt zum Beispill am Beräich vum Déierewuel méi héich Standarde wéi d'EU. Et géif deemno kee Grond ginn ze denken, datt "Groussbritannien ee Singapour un der Thames wäert ginn". Groussbritannie wäert also net déi selwecht Standarden hunn, mee d'Land wäert trotzdeem héich Standarden hunn. Et wier awer wichteg, datt et oppen a fair Konkurrenz géif ginn.

Et heescht net, datt mir genee déi selwecht Standarde wäerten hunn. Mee mir wäerten héich Standarden hunn. Dat Wichtegt ass, datt et oppen a fair Konkurrenz gëtt.

Egal wat bei de Verhandlunge géif geschéie wäert iwwerdeems keen Impakt op d'Austrëttsofkommes hunn, dat elo vu béide Säiten ugeholl gouf, esou nach den John Marshall. De Chris Garratt vun de Liberal Democrats hofft sengersäits, datt Groussbritannie géintiwwer den USA sech bei de Standarde fir Liewensmëttel genee sou behaapte wäert, wéi rezent bei der Decisioun, fir dem chineseschen Telekom-Konzern Huawei den Deelaccès zum Ausbau vum 5G Reseau ze ginn. "Well mir wëllen d'Standarde bei de Liewensmëttel net erofsetzen. Dat wier a mengen Aen e grousse Feeler."

Zu engem eventuellen Echec vun de Verhandlunge fir ee Fräihandelsaccord tëschent der EU a Groussbritannie wollt den Ambassadeur iwwerdeems näischt soen.