Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Quadratur Des Kreisels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Just eng kleng Schréips?

Wirtschaft

Brexit: Just eng kleng Schréips?

Den Austrëtt aus der EU wäert Groussbritannien wirtschaftlech deier ze stoe kommen. An och fir d'EU selwer huet de Brexit en héije Käschtepunkt. Déi Messagë wëll zu dësem Zäitpunkt awer kee richteg héieren.

auto_stories

3 min

Monty Python and the Holy Grail (EMI Films)

Dëst war d'Woch vum Brexit. Eng historesch Woch. Leider net eng vun deenen, wou d'Geschicht en Elan no vir hëlt. Éischter eng vun deenen, wou si eng déck Tréin am Knäpplach huet. De Brexit ass elo offiziell declenchéiert, an "d'Tragedie", fir den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ze zitéieren, hëlt hire Laf.

Déi britesch Premierministesch Theresa May sot hirem Parlament, hiert Land hätt seng bescht Deeg nach viru sech. Do musse mir dann opstoen an dotëscht ruffen: Fake News, Fake News!

Datt et Groussbritannien nom Brexit mëttel- oder laangfristeg kéint besser goe wéi als Member vun der EU, dat ass wuel net onméiglech, awer net déi wahrscheinlechst Optioun. Egal wéi: bis dohi geet de Wee fir d'éischt emol nach eng gutt Zäit déck biergop. Well de Brexit ass eng Operatioun mat engem héije Käschtepunkt.

Ëm 60 Milliarden Euro, esou gëtt geschat, muss Groussbritannien opbréngen, fir sech aus sengen europäesche Verflichtungen auszekafen. De Montant ass wuel nach verhandelbar, awer nëmmen a Grenzen. Groussbritannien ka sech um Enn net leeschten als e Staat dozestoen, deen net zu sengem Wuert steet a senge vertraglechen Obligatiounen net nokënnt.

D'EU sëtzt um laangen Hiewel

Um Fong ass et schwéier sech virzestellen, wéi Groussbritannien kéint Gewënn schloen aus sengem Divorce mat dem europäesche Bannemaart. Grouss Deeler vun der englescher Wirtschaft liewen aus den Echangen op eben deem Bannemaart.

An esou Echangë sinn net einfach mat neie Relatiounen, zum Beispill mat Indien oder Neiséiland, z'ersetzen. Et behaapt schliisslech och keen, datt d'Lëtzebuerger Ekonomie besser do stéing, wann een eisen Handel mat Däitschland op pré-marché-Intérieur-Standarde géif zréckfueren, mat allen administrative Komplikatiounen, an duerfir eisen Handel mat China oder Südkorea géif weiderentwéckelen.

Et geet hei ëm vill Geld. Bal d'Halschent vun de briteschen Exporter ginn an d'EU. A knapps iwwer d'Halschent vun de briteschen Importer kommen aus EU-Länner. Do besteet also eng ganz enk Verflechtung. Duerfir ass och e sougenannten "haarde" Brexit, zur Nout ouni Eenegung an ouni en Deal, just nëmmen an der politescher Rhetorik eng Optioun, awer net an der Realitéit. D'EU sëtzt um laangen Hiewel. Si muss net Dausende vun Traitéen nei verhandelen, fir en Accès de marché ze garantéieren. Just Groussbritannien muss dat.

Nëmme Verloschter

Trotzdem wäert de Brexit och fir d'EU um Enn e Verloschtgeschäft ginn. Politesch souwisou: Eng vun den Atommuechte verléisst de Camp; e privilegiéierte Partner vun den USA; den Zentrum vun engem wuel ëmmer méi opgelackerte Commonwealth; eng grouss liberal Stëmm am groussen internationale Concert.

E Verloschtgeschäft ass et och wirtschaftlech. D'europäesch Groussbetriber sinn drun interesséiert, hiren Accès op de britesche Marché ze behalen. Investoren haassen awer bekanntlech näischt méi wéi Ongewëssheet. Duerfir ass an enger international integréierter Wirtschaft Groussbritannien am Moment en Terrain, wou Investissementer mat extremer Virsiicht geplangt ginn. All dat mécht d'Wirtschaft net méi dynamesch.

Et ass kee flott Bild, wat mir hei hunn. Mech erënnert et un eng Zeen aus dem Film "Monthy Python and the Holy Grail". De kampfeslustege Ritter mat déckem Mondwierk huet schonn zwee Äerm verluer am Gefecht. Hien insistéiert awer, datt dat nëmmen eng kleng Schréips ass, an datt elo de Match eréischt richteg lass geet ... Iergendwéi resüméiert dat de Geescht vum Brexit. Dee muss sech elo der Realitéit stellen.