Klimaschutz Bréngt d'Corona-Kris de Green Deal vun der EU a Gefor?
Bréngt d'Corona-Kris de Green Deal vun der EU a Gefor? Bis 2050 soll Europa klimaneutral sinn, dat gesäit de Plang vun der EU-Kommissioun vir. Eng Rei osteuropäesch Staaten, dorënner Polen an Tschechien, fuerderen, datt Europa sech elo virun allem soll op déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Corona-Kris konzentréieren an d'Ëmweltschutzmesuren soll op Äis leeën.
De ganzen Interview mat der Tilly Metz lauschteren
"Déi Konservativ, déi hätte gär datt een elo mat allem wat Ëmweltkrittäre sinn, lues mécht oder manner streng ass. Ech denken elo un d'Copa Cogeca, déi d'Farm to fork strategy for sustainable food wëlle réckelen. Dës Strategie soll eng kloer Influenz op déi gemeinsam Agrarpolitik hunn. Mir hunn och d'Autoskonstrukteuren, déi e Bréif un d'Kommissioun geschéckt hu fir ze froe manner exigent ze si bei den CO2 Krittäre fir nei Autoen ze bauen."
D'Tilly Metz bleift optimistesch
"Op der enger Säit hu mir eng Kommissioun, déi ganz staark Aussoe gemaach huet. D'Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen, déi sot viru Kuerzem, datt déi ganz Covid-19 Kris eis weist, wéi dréngend et ass eng gréng Transitioun ze maachen. Och de Valdis Dombrovskis, Kommissär fir d'Ekonomie, seet, mir brauchen eng resilient an nohalteg Ekonomie. Et si vill Politiker an Politikerin déi d'Urgence erkannt hunn. An d'Kommissioun huet elo bewisen, datt wann eppes als Kris unerkannt gëtt, datt eng Flexibilitéit do ass, a se kann reagéieren. A sou wéi mir de Covid-19 als Urgence gesinn hunn, sou bleift d'Klimakris, déi domadder verbonnen ass, urgent."
Warnung viru Greenwashing
"Mir kennen net soen, mir wëllen d'Ekonomie retten, mir ënnerstëtzen awer lo massiv d'Baue vu Fluchhäfen zum Beispill. Et muss een elo och soen, zemools am Fligerberäich, datt een do muss investéieren, datt do och eng ekologesch Transitioun kennt. Datt d'Leit, déi do schaffen och kënnen an anere Beräicher schaffe goen, wéi zum Beispill am Beräich vum Zuchverkéier. Et muss ee schonn iwwerleeën, wat ënnerstëtze mir elo, zemools wann de Staat eppes finanziell ënnerstëtzt a mir hunn als Zil déi ekologesch Transitioun ze maachen. Da kënne mir net Business as usual maachen."