D'Loftqualitéit ass zu Canberra esou schlecht, datt een den equivalent vun zwee Päck Zigaretten un Damp all Dag anotemt, beschreift de Steve Reiffer déi aktuell Situatioun a senger Stad. Vill Leit géifen eng Mask undoen, wa si eraus ginn. Beim Steve Reiffer doheem richt et banne am Haus vill méi no Feier wéi dobaussen. Dat kéim doduerch, datt een net genuch kéint lëften, sou de Steve Reiffer. Och Küstegebidder kämpfe géint d'Flamen. Wéinst dem staarke Wand kann esou ee Feier séier ausser Kontroll geroden, seet de Steve Reiffer, e Lëtzebuerger deen zanter laangem zu Canberra lieft. Wéinst den iwwer zéng Meter héije Flame kënne waarm Äschen a Glous bis zu 20 Kilometer wäit ewech fléien.
Fra stierft um Flughafen un Otemnout
Eng eeler Fra, déi zu Canberra mat hirem Fliger gelant ass, huet deen Damp net verdroen an ass trotz medezinescher Betreiung um Flughafen un Otemnout gestuerwen.
Problematesch ass, datt d'Stad Canberra an engem Dall leit. Den Damp kann net sou richteg vum Wand ewech geblose ginn. Iwwer eng Woch wäert et daueren, bis datt d'Loftqualitéit sech ka verbesseren.
Zu Canberra bleift ee virsiichteg
Fir Canberra besteet och Alarmbereetschaft. Well d'Bränn ronderëm d'Haaptstad ganz aktiv sinn, kéinten Äsche vum Wand erageblose ginn.
2003 war dat schonn eng Kéier de Fall. D'Awunner hu mat engem Gaardeschlauch op den Diech selwer kleng Bränn geläscht. Momentan goufen et där Situatiounen nach keng, mee wéinst dem staarke Wand kéint dat awer ganz séier geschéien, esou de Steve Reiffer.
Sécherheetspläng fir d'Awunner
D'Feiere brennen elo zanter September op verschidde Plazen am Südoste vun Australien.
Leit, déi um Land liewen, si scho besser drop preparéiert wéi d'Stater, seet de Steve Reiffer. Déi Persoune si konstant am gaangen d'Noriichten oder de Radio ze lauschteren. Meeschtendeels wëssen déi iwwer d'Gefore Bescheed, éier d'Press doriwwer gewuer gëtt.
Et ginn och Brandkaarte mat verschidde Warnstufen déi uginn, op ee muss fortgoen oder ob et schonn ze spéit ass fir ze flüchten. Dee Moment muss een am Haus no der beschtméiglecher Plaz sichen.
Problemer an Uertschaften op der Küst
Dacks gëtt et an den Dierfer op der Küst just eng eenzeg Strooss. Op ville Plaze kann een am Fall vun engem Brand net méi doriwwer fueren, well et do scho brennt. Dausende Leit sinn op d'Plagë geflücht. D'Marinn huet eng Rei Leit iwwer d'Mier musse retten.
Hëllef fir Evakuéierter
D'Rout Kräiz huet iwwer 80 Zenteren agesat fir déi Leit ze empfänken an ze informéieren, där hir Wunneng verbrannt ass an déi Alles verluer hunn. An Australie ginn et vill Fräiwëlleger bei de Rettungsdéngschter. De Steve Reiffer ass berufflech am paramedezinesche Beräich aktiv. Als Fräiwëllegen hëlleft hie beim Roude Kräiz. Hien ënnersträicht datt d'Agencen, fir déi hie schafft, keng Leit op Plaze schéckt, déi geféierlech kënne sinn. Rezent huet hie Famille begleet, déi wéinst dem Feier Alles verluer haten an net wossten, wou si hi sollten. Betreit huet hien awer och Persounen, déi Brandwonnen haten. Aner Persoune misst ee méi laang begleeden, well seisoléiert sinn an net ëmmer Familljememberen hunn, déi si kéinten empfänken.
D'Hëtzt ass eng Erausfuerderung fir Secouristen a Pompjeeën
Pompjeeën, déi bei Temperaturen iwwer 40 Grad um Terrain sinn, musse ganz vill Waasser drénken. Ënner der Ausrüstung schweesst een ee puer Liter bannent kuerzer Zäit.
Déi fräiwëlleg Pompjeeë sinn dowéinst dräi Deeg op der Schicht, dono kréie si eng Paus vun zwee Deeg accordéiert. Problematesch ass et fir méi kleng Pompjeescorpsen, déi an der aktueller Situatioun dauernd am Asaz sinn.
500 Milliounen Déiere stierwen
Zanter Oktober si wéinst der Hëtzt an de Bëschbränn bal 500 Milliounen Déieren, Béischten, mee och Känguruen, Koalaen, Vullen, Päerd a Reptilie gestuerwen. Och no de Bëschbränn bleift d'Situatioun dramatesch.
Déi sechs Milliounen Hektar u Bësch, déi elo ofgebrannt sinn, ware fir d'Wëld eng Source fir Waasser a Fudder. D'Wëld wäert och an den nächste Méint uerg ënner de Konsequenzen vun de Bränn a vun der Dréchent leiden.
Déi fräiwëlleg Natur- an Déiereschutzorganisatioune sinn zanter Méint amgaang Déieren ze fleegen an ze fidderen. Vill Fräiwëlleger a Veterinären hunn Déiere bei sech doheem opgeholl. Mee d'Zuel un Déieren a Nout ass extrem héich, betount de Steve Reiffer.