Well anescht wéi an eisen Nopeschlänner wier d'Croix Rouge hei am Land eleng responsabel am Fall wou beim Bluttspenden eppes schif géif goen, erkläert de Michel Simonis vun der Croix Rouge. Éier d'Krittäre méi labber gemaach ginn, misst d'Bluttspendgesetz der Croix Rouge no geännert ginn.
Déi néideg Ännerungen um Gesetz goufen nach net gemaach
D'Croix Rouge hätt der Chamber kloer erkläert, wéi d'Gesetz iwwer d'Bluttspende misst verännert ginn, fir datt de Staat een Deel vun der Responsabilitéit géif iwwerhuelen.
"Mee do waarde mir zënter Joren drop a mir hunn u sech haut nach keng Solutioun. Och wann d'Mudam Lenert staark dru schafft. Mee bis haut hu mir déi net."
Et feele Statistiken
Eng Piste wier zum Beispill e Responsabilitéitsfong deen am Endeffekt responsabel wier, wann eppes géif schif goen, esou de Michel Simonis weider. Onofhängeg vun der Responsabilitéit missten och déi beschtméiglechst a risikoäermste Krittäre beim Bluttspende garantéiert bleiwen. Mee fir dat ze erfëlle bräicht een hei am Land besser Statistiken. Zu Lëtzebuerg géife prezis Donnéeën iwwert sexuell iwwerdrobar Krankheete feelen, kritiséiert de Michel Simonis.
Et misst och méi preventiv a Sensibiliséierungsaarbecht am Beräich vun de sexuell iwwerdrobare Krankheete gemaach ginn. Déi Blo-Rout-Gréng Regierung hat 2018 an hirem éischten nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vun ënnert anerem homosexuelle Mënschen, decidéiert, datt alleguer d'Limitte par Rapport zum Recht fir Blutt ze spende missten opgehuewe ginn. Zënter 2021 kënnen homosexuell Männer Plasma spende ma nach ëmmer keng Vollbluttspend ofginn.