Bluttspenden onnéideg aschränken an Zäite wou dréngend Blutt géing gebraucht ginn, dat misst net sinn. Doriwwer eraus wier et eng Fro vu Gerechtegkeet an Diskriminatioun, esou d'Paulette Lenert haut Dënschdeg an enger Froestonn an der Chamber. D'Responsabilitéit léich bei der Croix Rouge, déi sech hei am Land géif ëm d'Bluttspende këmmeren. Dësen Donneschden wier eng Reunioun mat der Croix Rouge virgesinn.
Si wäert sech dee Moment dofir asetzen, datt d'Fro no der sexueller Orientéierung aus dem Questionnaire erausgeholl wäert ginn, fir datt Lëtzebuerg zu deene Länner kéint gehéieren "kënnen houfreg sinn datt mer keen Ënnerscheed méi maachen".