D'Zuel vun de Leit déi gläichzäiteg kënnen an den Informatiouns- a Konsumraum fir Drogenofhängeger wier drastesch reduzéiert ginn, erkläert de Raoul Schaaf, Direkter vum Comité national de défense sociale, deen den Drogenhëllefszenter Abrigado geréiert.
"Also mir hu lo zesummen ëmmer just fënnef a sechs Clienten hei, bei dräi bis véier Leit Personal. An dat an engem bestännegen Roulement." Doduerch, datt den Openthalt zäitlech limitéiert wier, géif ee sécherstellen, datt jiddwereen, iwwer den Dag gesinn, an de Raum era kéint kommen.
Keen Afloss op d'Place public
Ënner anerem d'Limitatioun vun de Leit bannen dem Gebai wier ee Grond, wisou sech dobausse virun der Dier méi Leit géife versammelen, erkläert de Raoul Schaaf. Den Abrigado huet awer keen Afloss op d'Place public. Hie kéint och net soen, op d'Police déi Leit kéint bestrofen, well si sech deen Ament net un d'Recommandatioune vun der Regierung halen.
"Et kënnt dorobber u wéi d'Police deen Ament reagéiert. De Problem ass e bëssen deen, datt eng ganz Partie vun deenen Leit hei virun der Dier sinn, déi hu keen Doheem. Mir probéieren souwäit wéi méiglech d'Usammlung vu ville Leit op enger Plaz ze vermeiden. Mee hei virun der Dier vum Abrigado, dat ass Place public, do hu mir keen Afloss op d'Zuel vun de Leit, déi do stinn."
Sensibiliséierungsaarbecht an Temperaturtester
Et géif een d'Leit awer versichen ze sensibiliséieren. An och wann d'Clienten, déi an den Abrigado kommen, warscheinlech aner Prioritéiten hätten, wier d'Verständnis fir d'Precautiounen do, sou nach de Raoul Schaaf. Am Abrigado géif een och de Virus am A behalen. Am Nuetsfoyer géif een de Clienten zum Beispill Temperatur moossen.
"Am Fall, wou mir do zwee Symptomer hunn, dirigéiere mir déi Leit an d'Maisons Medicales."
D'Vollekskiche soll awer weider fonctionéiere mat engem Service à emporter.
Fir den Direkter vum CNDS wier et wichteg d'Aktivitéit vum Abrigado, genee wéi déi vun de Klinicken, esou laang oprecht ze erhale wéi méiglech.