De Fernand Ernster réit de Leit d'ganz Woch iwwer akafen ze goen, an net just zu de Stousszäiten de Weekend. Op déi Manéier kéint ee verhënneren, datt den Infektiounsrisiko klëmmt, well ze vill Leit an de Butteker sinn.
Net nëmmen een Dag
De President vun der Handelsconfederatioun seet, d'Geschäfter géifen hir Spezialoffere fir de Black Friday dëst Joer iwwer de ganze Weekend ubidden. Op déi Manéier wéilt een evitéieren, datt d'Leit alleguer haut an d'Geschäfter kommen, esou de Fernand Ernster.
Ganz ofgesot hätt een de Black Friday awer net, well d'Geschäfter och an der Kris hir Stocke misste lassginn:
"Mir si gewënnorientéiert Entreprisen. Dat heescht: Mir sinn drop ugewisen Ëmsaz ze maachen, fir datt mer eis Leit kënne bezuelen, datt mer ons Fraise kënne bezuelen, an datt mer och Benefice maachen. An dem Sënn ass et mengen ech normal, datt eng Entreprise och kuckt, datt se ka funktionéieren."
Visuell Kontrollen
Wéi garantéieren déi grouss Shoppingzenteren, datt déi aktuell Reegele respektéiert ginn, an effektiv net méi wéi ee Client pro zéng Quadratmeter dobanne sinn? De Fernand Ernster mengt, datt se vläicht net iwwerall gezielt ginn, mee et wier "ganz kloer", datt d'Sécherheetspersonal an de grousse Shoppingzentere gebrieft wier, an datt eng "visuell Kontroll" géif gemaach ginn, wéini ze vill Leit am Geschäft sinn.
"An e Geschäft vu 400 Quadratmeter dierfe Pi mol Daum 40 Leit. An och wann der nëmmen 20 do sinn, an et sinn der zéng op engem Koup, da muss ee kucken, datt d'Leit sech e bësse méi wäit ausernee stellen."
Et géif een awer och op "de gesonde Mënscheverstand" zielen, an datt d'Leit vu sech aus d'Sécherheetsmesuren uwenden.