Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bitcoin ass do, fir ze bleiwen

Fräie Mikro

Bitcoin ass do, fir ze bleiwen

Kryptowährunge sinn zënter e puer Méint hefteg an der Diskussioun. Et gouf Erfolleger a Mësserfolleger. D'Online-Währung Bitcoin huet awer a kuerzer Zäit méi Vertraue vum Verbraucher kritt, wéi eng Staatswährung wéi den Euro. D'Kryptowährung hëlt de Leit déi se benotzen, d'Kafkraaft net ewech.

auto_stories

3 min

Wéi Enn vum leschte Joerhonnert déi éischt Leit ee Fax benotzt hunn, gouf et vill Skepsis. Mam Opkomme vun dëser neier Technik hu verschiddener souguer gemengt, datt de Fax ee Monopol vum Staat sollt ginn. An der Praxis hätt dat geheescht, datt ee fir ze faxen op d'Post misst goen an eng Kéier bezuele fir de Pabeier ze verschécken, an op där anerer Säit nees bezuelen, fir de Pabeier ze kréien. Dës Iddi huet sech Gottseidank net duerchgesat, an haut si mir duerch den Internet scho bal iwwer de Fax ewech.

Onbegrënnt Hysterie

Kryptowährungen hu momentan en ähnleche Wäerdegang. Duerch Angscht virum technologesche Fortschrëtt gëtt all gutt Excuse ausgepaakt, fir den Entrepreneure vun der Zukunft de Staat opzehetzen. "Bitcoin ass pur Spekulatioun! Bitcoin gëtt fir illegal Saache benotzt!" - grad esou, wéi wann de 50 Euro-Schäin an Ärer Täsch nach ni fir eppes Illegales verwennt gi wier. An der Hysterie ronderëm Bitcoin gëtt souguer kritiséiert, datt en deflationär ass. Schockéierend Geldier? Eng Währung, déi zur Ofwiesselung de Mënschen hir Kafkraaft net ewech hëlt, well si am Wäert zouhëlt. Mir sinn esou gewinnt dorun, datt Inflatioun een Deel vum monetäre System ass, datt mir eis iwwerriede loossen, datt alles Aneres geféierlech ass.

Bitcoin, Ethereum, Litecoin, Ripple, Dash - d'Zuel vu Kryptowährungen ass laang a kennt hir Erfolleger a Mësserfolleger. Et stëmmt, datt an dësem Moment vill spekuléiert gëtt. D'Variatioun bei Bitcoin innerhalb vun engem Dag ass bis zu 1000 US-Dollar. Mä wien dofir mengt, datt d'Konzept vu Kryptowärungen dofir an enger grousser Bulle zu Gronn wäert goen, dee läit falsch. Egal wou de Präis sech wäert etabléieren, de System selwer wäert eis perséinlech Echangë revolutionéieren.

Bitcoin ass onofhängeg

Bitcoin ass eng Kreatioun, déi aus der Kris vun 2008 entstanen ass. Nodeems de staatlechen Zentralbanksystem multipel Krise kreéiert huet a fir politesch Zwecker de Bierger hir Kafkraaft erofsetzt, proposéiert Bitcoin eng dezentraliséiert an onpolitesch Alternativ. Bitcoin ass d'Demokratiséierung vum monetären Echange. De Präis ass deen, deen d'Leit wëlles hunn ze bezuelen, net deen, deen de Mario Draghi zu Frankfurt festleet. Transaktioune mat Bitcoin sinn net ofhängeg vun enger Drëttpersoun.

Ob een elo Bitcoin gutt oder schlecht fënnt, ass et dach erstaunlech, datt eng Online-Währung a kuerzer Zäit wäitaus méi Confiance vum Verbraucher kritt, wéi eng etabléiert Staatswährung wéi den Euro. An dat ass och d'Conclusioun, déi mir zéie kënnen. Bitcoin ass do fir ze bleiwen.

Onofhängeg vum Zentralbanksystem

Op de Präis vu Bitcoin elo bei 12.000 Dollar oder 50 Dollar leie wäert, spillt dobäi keng Roll, well d'Funktioun vu Kryptowährungen ass kee "Get rich quick"-Programm. Bitcoin heescht par Konter, sech vun enger Zentralbank, déi ënnert Kontroll vu Bürokraten ass, an déi geleet gëtt vu enger politescher Klass - där scho laang kee méi traut - näischt méi soen ze loossen.

Wien et sech ugekuckt a kee Vertrauen huet, ass jo net gezwonge Kryptowährungen ze benotzen. Wann dann déi nächst Euro-Kris kënnt, kënne mir jo nach eng Kéier iwwert Vertraue schwätzen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.