Radioen

On air

Moiesstudio  |  Boygenius - Not Strong Enough

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bis zu 50 Prozent manner Verkafsvolume op verschiddenen Tankstellen

Wéinst franséischem Tankrabatt

Bis zu 50 Prozent manner Verkafsvolume op verschiddenen Tankstellen

Duerch de franséischen Tankrabatt wier de Verkaf vu Bensinn an Diesel zu Lëtzebuerg - virun allem op Tankstellen am Grenzgebitt - zäitweis ëm 40 bis 50 Prozent vum gewinnte Volume zeréckgaangen. Dat seet de Romain Hoffmann, President vum Groupement Energies Mobilité Luxembourg.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Präisser fir Bensinn an Diesel sinn zu Lëtzebuerg ewell ëm 20 Cent méi bëlleg, ewéi a Frankräich, an op de Lëtzebuerger Tankstellen mierkt eng ganz liicht Reprise.

Trotzdeem ass et ze fréi, fir schonn e richtegen Effet ze spieren, stellt de Romain Hoffmann vum Groupement Énergies Mobilité Luxembourg fest.

Grouss Auswierkunge vum franséischen Tankrabatt

D'Auswierkunge vum franséischen Tankrabatt hätte schonn Enn August ugefaangen, well d'Leit a Frankräich iwwer d'Baisse vun der Präisser Bescheed wossten, erkläert de Romain Hoffmann. D'Leit hätten dee Moment scho manner getankt, a wieren och net méi esou vill op Lëtzebuerg tanke komm:

"Da kann ee soen de ganze September, Oktober bis elo déi lescht Woch eigentlech, datt déi Minus 40, 50 Prozent do konstant waren. Et hänkt natierlech ëmmer bësse vun der Lokalitéit of."

Besonnesch Tankstellen am Grenzgebitt, an och op den Haapt-Duerchfahrtsaxen hätte grouss Abousse gehat.

Bei der Verloschter dierft een och net nëmmen d'Tanke selwer kucken, an et géifen och Verloschter ginn um Ëmsaz an op der Marge vun de Butteker, esou de Romain Hoffmann. Och wann dëse Prozentsaz u Verloscht net esou héich wier, ewéi um Carburant, hätt et trotzdeem en negativen Impakt.

Frankräich kritt 1. Januar 2023 en neie Rabatt

Déi franséisch Premierministerin Elisabeth Borne hat ugekënnegt, datt nom Auslafe vum aktuellen Tankrabatt op den 31. Dezember schonn den Dag drop eng "indemnité carburant travailleurs" a Kraaft triede soll. Dat gesäit de Romain Hoffmann kritesch; och wann d'Modalitéite vun dësem Rabatt nach net bekannt sinn, géifen esou Mesuren engem ëmmer Suerge maachen:

"All Moossnam, déi e Nopeschland hëlt fir de Bensin, Diesel an hirem Land méi bëlleg ze maachen, dat huet natierlech en negativen Impakt op eise Secteur hei."

D'Lëtzebuerger Regierung hätt jo schonn annoncéiert, näischt méi wëllen a Richtung Tankrabatt ze ënnerhuelen, deemno géif een sech och näischt méi erwaarden, esou nach de President vum Groupement Énergies Mobilité Luxembourg.