Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zu 50 Prozent Finanzhëllef fir Photovoltaikanlagen

Klimabonus

Bis zu 50 Prozent Finanzhëllef fir Photovoltaikanlagen

Wat huet am Beräich vun der Installatioun vu Solaranlagen duerch den neie staatleche Fërderprogramm "Klimabonus" geännert? A fir wéi eng Zorte vu Solaranlage ginn et iwwerhaapt Subsiden? Dat hu mir den Direkter vun der neier Klima-Agence gefrot: de Fenn Faber ass zanter dem leschte Mäerz un der Spëtzt vun der nationaler Berodungsstell.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / anatoliy_gleb

Déi béid grouss Kategorië bei de Solaranlage sinn déi thermesch Anlagen an d'Photovoltaikanlagen, erkläert den neien Direkter vun der Klimaagence, am Kontext vun de staatleche Bäihëllefen.

"Bei de solar-thermeschen Anlagen, do ginn Anlagen ënnerstëtzt, wou et dann op där enger Säit just ëm Brauchwaarmwaasser geet, oder awer Anlagen, déi d'Brauchwaarmwaasser ofdecken an Heizungsënnerstëtzung hunn."

Eege Consommatioun oder an de Reseau speisen?

Bei de Photovoltaikanlagen géif et iwwer de Klimabonus eng Investitiounshëllef ginn: wann een de Stroum selwer konsuméiert, kann ee 50 Prozent vum Invest erëmkréien.

Wann een en Deel vum Stroum an de Reseau injektéiert, da kritt een 20 Prozent vum Invest erëm. Dëst wieren déi graff Zuelen, preziséiert de Fenn Faber.

Scho bei der Installatioun vun der technescher Anlag fir Sonnenenergie a Stroum ëmzewandelen, muss een also decidéiere, mat wéi engem Zil se soll agesat ginn, seet de Fenn Faber.

"Déi Invest-Aidë vun 20 Prozent fir d'Investitiounskäschte bei der Photovoltaikanlag, wann een an de Reseau aspeist, déi gouf et virdrun och schonn. Wat elo nei dobäi komm ass, dat ass eben d'Méiglechkeet vun der Autoconsommatioun, d.h. wann ech meng Photovoltaikanlag installéiere mam Zil ze auto-consomméieren, sief et fir mäin normalen Haushaltsverbrauch, sief et d'Wärmepompel oder den Elektroauto, da kann ech ebe bis zu 50 Prozent vu mengem Invest kréien, gedeckelt op 1.250 Euro vum Kilowatt-Peak. Da kann ech awer keen Tarif d'Injektioun méi kréien, d.h. dat ass dann e bewosste Choix, deen ee muss treffen."

Mat der Eenheet Kilowatt-Peak gëtt déi maximal Leeschtung vu Photovoltaikmoduler ënner Standardkonditiounen ausgedréckt.

Aidë si bis 2025 en place

Bei de staatleche Subside gëtt keng Differenz gemaach tëschent Privatpersounen an Entreprisen, déi esou eng Solaranlag installéiere loossen, seet de Fenn Faber.

"Dat, wat wichteg ass, dat ass datt déi Anlag op enger Surface imperméable installéiert gëtt, d.h. Daach, Fassad, Carport, Gaardenhaischen, dat ass den entscheedende Punkt. A mir schwätzen hei vun Anlagen, déi méi kleng wéi kleng wéi 30 Kilowatt-Peak sinn."

Déi staatlech Hëllefe gëllen zanter dem 1. Januar dëst Joer a bis Enn 2025: Entscheedend ass den Datum vun der Rechnung.

Online gëtt et ënner Klimabonus.lu d'Méiglechkeet ze simuléiere wéi vill staatlech oder kommunal Hëllefen an de Beräicher Wunnen an erneierbar Energië méiglech sinn.