9 Auer Moies bei de Foireshalen. Eng hallef Dose Leit waarden an engem vun de Arméiszelter, déi zanter leschter Woch do stinn.
Den éischte Rush ass scho laanscht. Um 6, wann den Testzenter um Kierchbierg opgeet, iwwer d'Mëttesstonn an owes vu 17 bis 20 Auer ass de gréissten Zoulaf, seet de Kim Kirsch, Lieutnant-Colonel bei der Arméi a mat zoustänneg fir d'Organisatioun vun den Testzentren.
"Net eise Core-Business"
Dat Ganzt wier e groussen Effort fir d'Arméi. Et hätt een sech misse reorganiséieren: zum Beispill géif den Ament keng Éieregarde beim Palais stoen. Och Leit vun der Militärmusek ginn agesat.
Knapp eng hallef Stonn, d'Hallschent dovunner ass waarden, dauert et fir mat engem zertifiéiert Test an der Täsch kënnen op d'Schaff ze goen.
Fir d'Ofleef sur place ze definéieren, huet d'Arméi sech hëllefe gelooss:
"Et ass definitiv net eise Core-Business. Mir hunn do och op d'Hëllef vu Leit, vun externen Experten zeréckgegraff, déi och schonn an anere Kadere vun der Pandemie agesat ware wéi zum Beispill am Large-Scale-Testing ebe fir de ganze Know-How wat d'Tester, wat Hygiènesmesuren an esou weider ubelaangt."
Den Testzenter um Kierchbierg léich op hirem Aarbechtswee fir op Sandweiler, erkläert déi 26 Joer al Joyce, déi bei enger Sécherheetsfirma schafft.
Net nëmme well den Test gratis wier a si mat Rendezvous direkt dru kéim, wier hir Erfarung hei méi positiv ewéi an engem Labo: "C'est bien organisé, les gens ils sont très gentils, très acceuillants."
Den Fabio Loureiro ass ee vum 200 Mann-a-Fra-staarken Arméieffektiv, de kuckt, datt d'Tester richteg gemaach ginn. Enger Gefor fillt hien sech dobäi net ausgesat:
"Et muss een hei, wann een ukënnt schaffen, de Covid-Check weisen. Et muss ee sech selwer testen. D'Dëscher gi bei all Client desinfizéiert. Mir desinfizéieren d'Hänn all fënnef, zéng Minutten. Mir hunn eis PPE-en un, déi mir reegelméisseg wiessele mussen. Also ech ka mir net virstellen, dass mir eis hei kéinten infizéieren."
Eng 1.500 bis 1.700 Tester ginn am Duerchschnëtt pro Dag an deene fënnef Zentren duerchgefouert. Déi meescht dovunner um Parking Rammerech. Weider Testzentren ënner gréngen Arméiszelter sti bei der Luxexpo, um Park & Ride Howald, um Fridhaff an zu Jonglënster.
D'Aktioun leeft nach bis Enn Februar.