Radioen

On air

Notturno  |  Hokube - Whatever You Want Feat. Aksl, Albert Fallen & Victor Muller

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bis Ufank 2027: 135 abordabel Wunnengen um Kierchbierg

Projet "Kiem 2050"

Bis Ufank 2027: 135 abordabel Wunnengen um Kierchbierg

Um Boulevard Pierre Frieden um Kierchbierg solle bis Ufank 2027 ënner anerem 135 abordabel Wunnenge gebaut ginn. De Projet, dee scho virun iwwer dräi Joer virgestallt gi war, gouf elo offiziell lancéiert. Dat a Presenz vum Minister François Bausch.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Etablissement Public Fong Kierchbierg huet de Verkafs-Akt fir den "Droit d'emphytéose" fir déi 105 Ar Terrain fir de Projet "Kiem 2050" mam Immobilien-Entwéckler "Immobel" a mat der Bau-Entreprise "Prefalux Group" ënnerschriwwen.

Schaffen a wunnen an engem Espace

D'Wunnenge solle fir een Duerchschnëttspräis vu 7.900 Euro pro Quadratmeter verkaaft ginn, esou den Direkter vum Fong Kierchbierg, de Marc Widong. Wat soss mécht dëse Projet aussergewéinlech?

"Engersäits d'Location, dat ass hei voll am Kierchbierg, net wäit ewech vum Tram, net wäit ewech vun der Europaschoul, vun der Anne-Beffort-Schoul. Mir hunn d'Aarbechtsplazen hei nobäi. Herno wäerten de Quartier Kuebebierg a Laangfur och just niewendru sinn."

Et sinn Appartementer mat engem bis véier Schlofzëmmer. Et wäerten och Espace ginn, wou d'Leit souwuel schaffen, wéi och liewe kënnen, esou de Marc Widong.

De Vëlo kritt Prioritéit

Déi geplangten nei Gebaier um Kierchbierg kréie fënnef Stäck an et wäert am Holz gebaut ginn. Donieft wäerten et bei dësem Projet 16 Lokaler fir Commercen oder Büroe ginn, an ee Restaurant respektiv eng Bäckerei. Dëst op ronn 3.000 Quadratmeter.

Fir déi am Ganzen 148 Logementer sollen et nëmmen 86 ënnerierdesch Parkplaze ginn. Dat wier ongeféier eng Parkplaz fir all zweet Wunneng. De Marc Widong ass der Meenung, datt een och net méi Parkplaze bréicht. Um Kierchbierg wier ee gutt un den ëffentlechen Transport an un d'Vëlosweeër ugebonnen. Dofir géingen et dann och iwwer 370 Vëlosparkplaze ginn: eng pro Schlofzëmmer.

"Haut fueren extrem vill Leit mam Vëlo hei um Kierchbierg. A mir wëllen och deenen dann d'Plaz ginn, datt si hir Vëloe propper kënnen ofstellen dann."