Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Communicaution - Diggin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis elo wéineg Ënnerschrëfte fir ee Referendum

Verfassungsreform

Bis elo wéineg Ënnerschrëfte fir ee Referendum

Nëmme wéineg Wieler waren an de leschte knapp zwou Wochen op hir Gemengen ënnerschreiwe fir d'Demande vum Comité d'initiative fir e Referendum iwwer d'Justiz-Kapitel vun der Verfassung ze ënnerstëtzen.

auto_stories

1 min

An deene fënnef populatiounsräichste Gemengen am Land goufe bis elo zesummen 370 Ënnerschrëfte gesammelt, war op Nofro hi gewuer ze ginn. Fir datt et zu engem Referendum kënnt, misste bis den 20. Dezember am Ganze 25.000 Ënnerschrëften an den 102 Gemengen zesumme gesammelt ginn.

  • An der Stad Lëtzebuerg si bis elo 106 Ënnerschrëften zesumme komm, bei ronn 31.000 Leit op de Wielerlëschte fir d'Chamberwalen.
  • 74 Ënnerschrëfte sinn et zu Esch-Uelzecht, dat bei ronn 12.000 Wieler.
  • Zu Déifferdeng, Diddeleng a Péiteng sinn et 63, 52 respektiv 75 Ënnerschrëften, déi d'Demande z'ënnerstëtzen.

28 Wieler waren an der Gemeng Hesper ënnerschreiwen, 46 an der Gemeng Beetebuerg an 43 an der Gemeng Schëffleng.

An der Gemeng Waldbëlleg, aus där eng Rei Membere vum Comité d'initiative kommen, goufe bis elo 12 Ënnerschrëfte gesammelt, bei 1.133 ageschriwwene Wieler.