De Fuerscher gesäit d'Gefor vun engem exponentielle Wuesstum Ufank vum nächste Joer "wa mer elo op deem Plateau géife weider fuere bis Chrëschtdag". D'Resultat wier dann eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssecteur.
"Wa mer erëm op Verduebelungszäite vu 4 bis 5 Deeg géife kommen, bei där Zuel vu gëschter (n.d.l.r. Samschdeg: 602 Fäll) , da wiere mer bannent 4 bis 5 Deeg op 1.200, an da geet et an deem Regimm weider."
De Fuerscher ënnersträicht awer och, datt d'Leit sech misste bewosst sinn, datt Chrëschtdag an dësem "exzeptionelle Joer" net esou gefeiert kéint gi wéi soss. Dofir réit hien der Populatioun fir "raisonnabel u Chrëschtdag an Neijoerschdag erunzegoen".
Déi nei Restriktiounen, duerch déi sozial Interaktioune weider reduzéiert gi sollen, géifen an déi richteg Richtung goen, esou de Paul Wilmes vun der Task Force vun der Lëtzebuerger Fuerschung. De Paul Wilmes fënnt dofir, datt déi nei Restriktiounen, déi warscheinlech elo kommen, och absolut an déi richteg Richtung ginn. Et sollt ee se net a Fro stellen, am noen Ausland géif ee jo gesinn, wéi nëtzlech Lockdown-Mesüre sinn.