Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis 2050 klimaneutral

EU-Klimapolitik

Bis 2050 klimaneutral

Den nächste Méindeg fänkt zu Kattowitz a Polen déi nächst Weltklimakonferenz un. Kuerz virdrun presentéiert d'EU-Kommissioun een ambitiéise Plang: Déi europäesch Ekonomie soll bis 2050 klimaneutral sinn. Dat heescht, datt bis dohin ënner dem Stréch keng klimaschéidlech Emissioune méi an d'Loft geblose ginn. Eng gutt Iddi, mee dat geet awer nach net duer, soe Kritiker.

auto_stories

4 min

Den Thermometer sollt net ëm méi wéi zwee Grad klammen, fir déi gréisste Schied ze evitéieren. Dat Zil war op der Klimakonferenz zu Paräis festgehale ginn.

Bis 2030 ginn awer 13 bis 15 Billiounen Tonnen méi Zäregaser an d'Loft geblosen, wéi erlaabt wieren, fir dat Zil wierklech ze erreechen. Dat seet de leschte Rapport vun der UNO. Nach ni waren d'CO2-Emissioune sou héich wéi bis elo, seet och dee Rapport.

"Status quo ass keng Optioun"

"Esou virun ze fuere wéi bis elo, ass keng Optioun méi", sou de Constat vum EU-Kommissär fir de Klimaschutz, den Aries Canete.

"Déi Rapporte waren een Alarmsignal. An haut äntwere mir dorop. Mir presentéieren eng Strategie, déi Europa klimaneutral maache ka bis 2050."

Klimaneutral - dat heescht, datt bis 2050 de Bilan vun de schiedlechen Emissiounen op Null wier.

Fir dohin ze kommen, proposéiert Bréissel aacht verschidde Zeenarien, wat d'Saach e bëssen oniwwersiichtlech mécht. D'Kommissioun leet sech net fest, mee wëllt mat där Propose eng Diskussioun lancéieren.

Keng konkret Ziler

Et geet net drëms konkret Wäerter fir d'Ziler virzeschreiwen, et soll méi eng Orientéierung sinn, schreift d'Kommissioun an hirem Pabeier. An de Zeenarie si verschidde Stufe vu Reduktioune virgesinn a Mesuren a verschidde Beräicher opgezielt - wéi dee vun der Energie-Effizienz, den erneierbar Energien, der Mobilitéit, der Economie circulaire an den Infrastrukturen.

Néideg wieren zousätzlech Investitioune vu ronn 290 Milliarden Euro. Op där anerer Säit géif bei de Gesondheetskäschten (ronn 200 Milliarden pro Joer) gespuert ginn, genee wéi bei bei den Energie-Importer. Hei kéinten d'Depensen de Berechnunge vun der Kommissioun no ëm 70 Prozent erofgoen (266 Milliarden pro Joer).

Fir d'Kommissioun ass kloer: Et muss un der aktueller Strategie geschafft ginn, seet den EU-Kommissär fir d'Energie-Unioun, de Maros Sefkovic.

"Déi Mesuren, déi mir bis elo agefouert hunn, wäerte just eng Reduktioun vu 60 Prozent vun den Emissiounen bis 2050 bréngen. An dat geet net duer fir datt d'EU hiren Engagementer vun den Ziler, déi zu Paräis gesat goufen, gerecht gëtt."

Firwat bis 2030 waarden?

Allerdéngs setzt d'Kommissioun mat hirer Strategie ze spéit un, sou d'Kritik vum Ëmweltschützer a Gréngen, seet de Bas Eickhout, Europadeputéiert vun deene Gréngen.

"An hirer Analys kucke si just op Mesuren, déi no 2030 usetzen. Dat ass enttäuschend, well déi wierklech Fro ass, wat mir elo maache kënnen. An et schéngt es, wéi wann d'Kommissioun dës Diskussioun net wéilt."

Déi aktuell Politik, déi elo a Kraaft ass, geet net duer, sou d'Warnung vum Hollänner, konkret kéint een elo schonn usetzen.

"Mir hu Méiglechkeete beim Emissiounshandel, mir hu Proposen um Dësch leien iwwer CO2-Grenzwäerter fir Autoen a Camionen - déi kenne mir eropsetzen. Mir kënne méi bei der Energie maachen. Et ass méiglech, firwat solle mir bis 2030 waarden?"

EU ass besser, wéi déi aner

D'Kommissioun léisst déi Kritik net op sech setzen. Op d'Argument, et misst ee méi fréi usetzen, seet de Maros Sefkovic: "Mir wäerten eis Ziler fir 2020 erreechen, mir wäerten déi vun 2030 esou guer depasséiere mat enger Reduktioun vun op d'mannst 45 Prozent. An ech sinn och sécher, datt mir bis 2050 klimaneutral sinn - an domat deen éischte Kontinent, deen dat fäerdeg bréngt."

Bis elo war effektiv uviséiert ginn, d'Emissioune vun Zäregaser bis 2030 just ëm 40 Prozent ze reduzéiere bis 2030. D'Europaparlament war méi ambitiéis - an hat op d'mannst 55 Prozent gefuerdert. Dat selwecht soe verschidde Memberlänner an der EU - dorënner och Lëtzebuerg.

D'Kommissioun wëllt d'Ziler awer net kuerzfristeg eropsetzen. D'EU ass "on track" - also um richtege Wee, seet den Aries Canete. Säin Argument: déi aner kéinte sech ee Stéck bei eis erofschneiden:

"Déi europäesch Politik ass konsistent, si ass ambitiéis a si huet eng laangfristeg Strategie, d'UNO kéint sech freeën, wa si méi där Partner hätt ... ech si frou Europäer ze sinn, ech kann op Kattowitz fueren a stolz sinn iwwer dat, wat an der EU gemaach gouf."

Säi Wonsch ass, datt elo anerer sech ee Beispill un der EU huelen: "Mir kennen et maachen a wann et klappt, wäerten anerer eis et no maachen."