Manner Retarden an Annulatioune vun den Zich a méi héich Kapazitéite fir Passagéier. Dat sinn d'Ziler vun de Projeten tëscht Lëtzebuerg an der Regioun Grand Est, fir d'Mobilitéit fir d'Frontalieren ze vereinfachen. Bis 2025 sollen d'Zich 50 Prozent méi Sëtzplazen ubidde kënnen, esou de Franck Leroy, President vun der Regioun Grand Est.
"On y arrive par l'achat de trains qui ont déjà été effectués. Et par la possibilité de faire circuler des trains allongés. C'est-à-dire des trains en unités triples. En accrochant les trains les uns aux autres. Et en allongeant les quais, ce qui est en cours actuellement "
Zuchfrequenz tëscht Lëtzebuerg a Metz gëtt erhéicht
Wann d'Zuchfuere méi attraktiv gëtt, kéint den Traffik op de Stroossen - also och de Stau - reduzéiert ginn- Dat erhoffe sech déi Responsabel. Bis 2030 soll och d'Frequenz erhéicht gi vun Zich déi tëschent Metz, Diddenuewen a Lëtzebuerg zirkuléieren.
"C'est-à-dire un train toutes les 7 minutes 30 depuis Thionville pour Luxembourg. Un train toutes les 10 minutes depuis Metz. Et un train toutes les 30 minutes en direct jusqu' à Luxembourg depuis Nancy. Ce qui élèvera le niveau capacitaire de transport."
Dofir musse souwuel op Franséischer wéi op Lëtzebuergescher Säit déi néideg Infrastrukturen ausgebaut ginn. Fir Lëtzebuerg wier den Ausbau vun der neier Linn iwwer Beetebuerg an den Ausbau vun der Beetebuerger Gare eng wichteg Etapp an dësem gemeinsame Projet, esou nach de Lëtzebuerger Mobilitéitsminister François Bausch. Geplangt ass, datt 2028 deen éischten Zuch iwwer déi nei Streck a Richtung Süde fueren.