Enn Mäerz hat d'Europaparlament der Europäesch Kommissioun een Ultimatum gesat: bis den 10. Juni missten déi nei Reegele vum sou genannten Rechtsstaatmechanismus ugewannt ginn, am anere Fall géif d'Parlament rechtlech Schrëtter an d'Weeër leeden.
Konkret misst d'Kommissioun a Fäll vu Verdacht op Korruptioun, déi hir selwer scho bekannt sinn, aktiv ginn, seet d'Birgit Sippel, Europadeputéiert vun den däitsche Sozialdemokraten.
"Es ist wichtig, dass wir jetzt einfordern, dass die Kommission ein bereits beschlossenes Gesetz auch tatsächlich umsetzt. Das ist im Interesse unserer Bürgerinnen und Bürger, als Steuerzahler, aber auch um den demokratischen Rechtsstaat zu verteidigen."
EU-Kommissioun huet net op Ultimatum reagéiert
D'Kommissioun awer huet sech vum Ultimatum net staark beandrocke gelooss. Dowéinst leet d'Parlament an enger weiderer Resolutioun eng Schëpp no. Wa Bréissel elo net bannent zwou Wochen aktiv gëtt, gëtt d'Plainte definitiv gemaach, heescht et an enger Resolutioun, vun där d'Birgit Sippel Co-Autrice ass.
En Dënschdeg huet den EU-Budgetskommissär Johannes Hahn annoncéiert, d'Kommissioun géif déi nächst Woch d'Richtlinne fir de Mechanismus presentéieren.
Um EU-Sommet am Dezember ware sech d'Staats- a Regierungscheffen driwwer eens ginn, datt d'Kommissioun d'Modalitéite vun de neie Reegelen nach eng Kéier extra a Richtlinne méi genee beschreift.
D'Applikatioun vun de neie Reegelen dierft net vun der Adoptioun vun deene "Guidelines" ofhänken, heescht et iwwerdeems am Text vum Parlament. Déi Richtlinne wiere guer net am Gesetz virgesinn, sou d'Birgit Sippel. Et géif sech hei ëm eng Ausried vun der Kommissioun handelen, déi offensichtlech net konkret handele wëllt.
Weider Geriichtsprozesser virprogramméiert
Konkret handelen, datt heescht Bréiwer u Memberlänner ze verschécken, an deenen op Korruptiounsfäll higewise gëtt. Ier een dat mécht, bräicht een déi Richtlinnen an et misst een och déi Fäll juristesch präzis preparéieren, sot iwwerdeems de Johannes Hahn e Mëttwoch an der Debatt am Parlament. Am anere Fall wier just mat Géigekloen ze rechnen.
Déi komme souwisou, äntwert dorop d'Birgit Sippel.
"Mit einer Gegenklage ist so oder so zu rechnen. Ungarn hat ja schon Klage erhoben, um das ganze Gesetz für unrechtmässig zu erkläeren. Gegenklagen wird es geben, weil die betroffenen Regierungen nicht wahrhaben wollen, dass sie sich unrechtmässig verhalten. Das darf kein Argument sein, das Gesetz nicht anzuwenden."
Interpretatiounsdivergenzen am Parlament
D'Decisioun vum Parlament, virun den Europäesche Geriichtshaff ze goen, ass allerdéngs net onëmstridden. Déi rietskonservativ droe se net mat an déi chrëschtdemokratesch "Europäesch Vollekspartei", där déi Lëtzebuerger CSV ugehéiert, huet sech och bis Enn där leschter Woch dogéint gewiert.
Um Enn huet ee sech op ee Kompromësstext gëeenegt, deen der Kommissioun méi Zäit gëtt, awer verlaangt, datt si hire Verflichtunge muss nokommen. An der Tëschenzäit géif d'Parlament eng "potentiell" Klo virbereeden. D'Interpretatioun doriwwer, wat genee muss vu Säite vun der Kommissioun geschéien, fir eng Plainte ze evitéieren, schéngt iwwerdeems net kloer ze sinn.
EVP ass méi virsiichteg
"Déi Resolutioun ass nach keng Decisioun, effektiv eng Plainte ze maachen, doriwwer muss d'Parlament nach eng Kéier formell ofstëmmen", seet zum Beispill d'Monika Hohlmeier, däitsch CSU-Europadeputéiert a Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun vum Parlament. Et géif duer goen, wann ee vun der EU-Kommissioun kloer Zeeche dofir kritt, datt si elo aktiv gëtt.
Dat gesi Sozialisten, Liberal, déi Gréng an déi Lénk anescht. D'EVP wier vun Ufank u méi gedëlleg gewiescht, sou d'Birgit Sippel. Et gëtt am Parlament Stëmmen, déi soen, et géif eng Zort Versprieche géintiwwer dem ungaresche Premier Viktor Orbán, seng Regierung a Rou ze loossen, bis zu de nationale Walen am Fréijoer, als eng Zort Géigeleeschtung dofir, datt hien um Enn dem EU-Budget zougestëmmt huet.
Dofir, datt dës Kommissioun Ungarn mat Händschen upéckt, géif et duerchaus Unzeechen, seet d'Birgit Sippel.
"Wenn man weiss, mit welchen Stimmen Frau von der Leyen gewählt wurde, stand von Anfang an der Verdacht im Raum, dass diese neue Kommission gegenüber Ungarn sehr viel Rücksicht zeigen würde. Und das nach sehr vielen Debatten, nach wirklich systematischen Einschränkungen von Demokratie und Rechstaatlichkeit mit immer neuen Ereignissen, die wir in Ungarn und anderen Ländern feststellen. Nachdem wir seit fast zehn Jahren Debatten über Ungarn haben, ist es unbegreiflich, dass jetzt immer noch weiter auf Zeit gespielt wird."
De Rechtsstaatsmechanismus wier, datt gëtt déi däitsch Sozialdemokratin zou, ee relativ "schwaache Kompromëss". Dat géif doru leien, datt ee sech mat de Memberlänner huet missen eens ginn.
Trotzdeem kéint een domat zesumme mam Europäesche Parquet, deen zanter där leschter Woch operationell ass, een éischte Schratt a Richtung vu méi Rechtstaatlechkeet goen, wat d'Verdeele vun EU-Suen ugeet, sou déi däitsch Sozialdemokratin.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.