Corona-Impfstoff BioNTech/Pfizer-Vaccin kéint géint Infektioun schützen

De Corona-Impfstoff vu BioNTech/Pfizer kéint och virun enger Infektioun mam Virus schützen, also an net nëmme virun der Krankheet, dat war de Weekend aus Israel gemellt ginn. Dës Nouvelle wier net iwwerraschend, esou d'Reaktioun vum Prof. Dr. Claude P. Muller.

Serge Kesseler / cbi

Claude Muller
De Prof Dr Claude P Muller. Foto: Archiv

Lauschteren


Dem Virolog no géif de BioNTech/Pfizer-Vaccin eng "immens robust Immunitéit" maachen, déi sech och schonn 12 Deeg no der éischter Dosis entwéckelt hätt. No enger éischter Dosis wier een och wäitgoend géint liicht Symptomer geschützt.

"Et géif einfach net passen, wann en no der zweeter Dosis, spéitstens no enger Woch, net och scho géint asymptomatesch Infektioune géif schützen, also d'Méiglechkeet, de Virus ze iwwerdroen."

Et gëtt gehofft, datt Geimpfter sech nëmmen nach seele mam Virus ustiechen an de Virus doduerch och net méi kënne weiderginn, hat d'Noriichtenagence DPA gemellt.

Hie géif denken, datt een duerch d'Impfstoffer eng sougenannten "Herdenimmunitéit" kéint erreechen, seet de Prof. Dr. Claude P. Muller zur Bedeitung dovu fir Lëtzebuerg. Leit, déi net geimpft sinn, wieren awer net geschützt - d'Grenz wieren nämlech gréisstendeels op an d'Leit géife jo och gäre reesen.

"Et bleift also derbäi - aus menger Siicht - et huet een nëmmen de Choix tëschent dem Impfstoff an dem Virus."

Wat kann een aus Israel léieren?

An Israel leeft zanter dem 19. Dezember eng intensiv Impfcampagne: bis Enn Mäerz soll all Awunner vun iwwer 16 Joer eng Impfung ugebuede kréien. De Claude P. Muller fuerdert, datt een zu Lëtzebuerg aus der "Comfort zone" eraus misst. "Eng Impfung ass aus menger Siicht keng chirurgesch an och keng juristesch Operatioun."

Eng israelesch Datenanalys vu 600.000 Mënschen hat rezent gewisen, datt et an der Grupp vun de Geimpfte 94 Prozent manner symptomatesch Infektioune goufe wéi an der Kontrollgrupp vun Net-Geimpften. Bei der Analys ass et ëm den Asaz vum BioNTech/Pfizer-Impfstoff gaangen, bei Leit deenen hir zweet Impfung op d'mannst eng Woch zeréck louch.

Méi zum Thema

Sputnik V
Impfstoffer géint Covid-19

Lëtzebuerg hätt net wëlles, fir de russesche Covid-Impfstoff "Sputnik V" eleng zouzeloossen oder anzekafen. Fir béid Prozedure géif een op eng europäesch Approche setzen, erkläert den Dr. Jean-Claude Schmit.

Corona-Impfstoff
Impfzentrum

An Zukunft sollen d'Kinéen an de Covid19-Impfzentren aushëllefen. Eng deementspriechend Konventioun huet d'Associatioun vun de Kinéë mat der Santé ënnerschriwwen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen