D'Donnéeën zu sexuell iwwerdrobare Krankheeten, esou wéi déi Erkrankungen, déi d'Otemweeër oder de Mo an den Daarm betreffen, gi vun den Dokteren a vun aacht Laboratoire gesammelt, a bei positivem Resultat bei der Santé deklaréiert.
Infektiounskrankheete gi systematesch gemellt
Datt d'Zuel vu Chlamydien vun 10 bis 20 an der Moyenne op 1.530 zejoert erop gaangen ass, géif awer dru leien, datt réischt zanter Januar 2020 - zanter d'Infektiounskrankheete systematesch vun de Laboratoire gemellt ginn - Donnéeën zu de sexuell iwwerdrobare Krankheete gesammelt ginn.
Dat selwecht gëllt fir Gonorrhö. D'Mpox - déi sougenannten Afepouken - sinn och sexuell iwwerdrobar. 57 Infektioune waren et zejoert - an all d'Patiente si nees gesond, esou de Jean-Claude Schmit. Virun allem homosexuell Männer lafe Gefor sech unzestiechen, esou de Jean-Claude Schmit.
"An dir wësst och, dass am Summer eng Rei Evenementer stattfannen, déi GayPride an sou weider an sou virun. An dat huet d'lescht Joer déi Epidemie favoriséiert, ganz kloer. Entretemps sinn natierlech eng ganz Rei vun deene Leit geimpft "
2022 war ee besonnescht Joer fir d'Grippewell
Aus dem Bilan geet och ervir, datt 2022 ee besonnescht Joer fir d'Grippewell war. Wa bis elo ëmmer eng Well pro Joer uechtert d' Land gaangen ass, waren et der zejoert zwou, eng am Fréijoer an eng am Hierscht, erkläert de Jean-Claude Schmit nach weider.
"An déi zweet Grippewell ass eigentlech continue iwwergaangen als éischt Grippewell fir 2023. A mir si ganz gespaant wat mir lo am Hierscht kréien, op mir rëm eng Situatioun kréie wou mir eng fréi Grippewell kréien, oder rëm eng méi spéit Grippewell kréien."
48 Fäll vun Tuberkulos goufen et zejoert - dat sinn der bësse méi wéi den Duerchschnëtt vun 30 bis 40 an deene Jore virdrun. Dat erkläert de Jean-Claude Schmit.
"Mir haten der lo bësse méi. Dat huet och mat de Migratioune vun de Populatiounen an Europa ze dinn. Mir hunn e Krich an Europa an et gi vill Populatiounen deplacéiert. An deene Länner ass Tuberkulos nach méi heefeg. Dat ass warscheinlech eng vun den Explikatiounen."
Et géif een, déi Leit, déi de Risiko vun Tuberkulos hunn, testen, wann se an d'Land kommen, och wa se net ustiechend sinn, fir kënne fréizäiteg d'Krankheet ze behandelen, esou nach den Direkter vun der Santé.