Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biergerrechter als Entréesdier fir de Bannemaart

EUROPAPARLAMENT IWWER BREXIT

Biergerrechter als Entréesdier fir de Bannemaart

Groussbritannie muss garantéieren, datt d'Recht fräi ze zirkuléieren och nom Brexit méiglechst bestoe bleift, fuerdert d'Europaparlament. Wéi enk déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Zukunft wäert sinn, soll vun den Engagementer vun der brittescher Säit op deem Gebitt ofhänken, seet eng Resolutioun, iwwer déi d'nächst Woch ofgestëmmt gëtt.

auto_stories

3 min

De Boris Johnson an d'Ursula von der Leyen. Foto: EC - Audiovisual Service / Etienne Ansotte

De Countdown leeft, bis den 31. Dezember 2020 soll een Accord tëschent der EU a Groussbritannien um Dësch leien. Een Accord, dee reegelt, wéi een no der Iwwergangszäit, déi Enn Januar 2020 ufänkt, mat Groussbritannie verfuere wëllt.

Dat gëtt keen normalen Handelsvertrag, wéi d'EU der scho mat anere Partner huet, sot gëschter d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun. Si war kuerz virun hirer Entrevue mam brittesche Premier Boris Johnson op Besuch an der Londoner School of Economics.

"Mir envisagéieren eng Partnerschaft, déi wäit iwwer de Commerce erausgeet, een Accord vun engem Ausmooss, wéi en nach ni do war", sou d'Ursula von der Leyen.

Kee fäerdegen Accord bis Enn 2020

D'EU wier prett, "Dag an Nuecht drun ze schaffen", sou d'Annonce vun der Kommissiounscheffin. Wéi vill anerer weist si allerdéngs drop hin, datt et zäitlech ganz enk gëtt.

Ee fäerdegen Accord, deen all d'Beräicher ofdeckt, ka bis Enn des Joers onméiglech virleien, gëtt d'Ursula von der Leyen zou. "Dowéinst musse mer Prioritéite setzen, wa mer eis un d'Deadline vun Enn des Joers hale wëllen", erkläert d'Kommissiounspresidentin.

Den David McAllister  an d'Ursula von der Leyen am Gespréich. Foto: picture alliance/Philipp von Ditfurth/dpa

Där Meenung ass och den David McAllister. Den däitsche Chrëschtdemokrat huet och ee brittesche Pass an ass President vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament. "Ein detailliertes Abkommen wird man nicht aushandeln können", seet och hien.

D'Parlament huet dës Woch scho virgeschafft. Am Brouillon vun enger Resolutioun, déi vun de grousse Fraktioune gedroe gëtt, gi Konditioune fir d'Biergerrechter opgestallt. Si solle méiglechst breet definéiert ginn an der zukünfteger Relatioun tëschent der Europäescher Unioun a Groussbritannien.

Jee méi Biergerrechter desto méi Maartzougang

Am Text bedauert d'Parlament déi brittesch Decisioun, de Prinzip vun der fräier Zirkulatioun vun de Persounen tëschent der EU a Groussbritannien nom Brexit net méi ze applizéieren a fuerdert, datt all zukünftegen Accord sollt ambitiéis Dispositiounen an deem Beräich enthalen. Déi Rechter sollten "a Relatioun stoe mam Grad vun zukünftege Kooperatiounen an anere Beräicher".

D'Britten wéilten och an Zukunft e gudden Zougang zum Bannemarché vun der EU, seet de President vun der aussepolitescher Kommissioun vum Europaparlament, den David McAllister. Fir hie gëllt: "Jee besser d'Biergerrechter an Zukunft protegéiert sinn, desto méi Zougang zum Marché kann et ginn."

Ëmmerhi liewen net nëmmen 3,5 Milliounen EU-Bierger a Groussbritannien, mee et sinn och 1,2 Millioune Britte betraff, déi sech an engem EU-Land niddergelooss hunn.

Groussbritannien aussepolitesch mat abannen

Bei de Verhandlungen géif et iwwerdeems net nëmmen ëm déi ekonomesch Relatioun goen. Den David McAllister betount virun allem d'Relatioun um militäreschem a sécherheetspolitesche Plang. Hei sollt ee Groussbritannien eng besonnesch enk Partnerschaft ubidden an de britteschen Ausseminister zum Beispill reegelméisseg op Reuniounen vun den EU-Ausseministeren invitéieren.

Déi 27 Länner, déi an der EU bleiwen, hunn hirersäits all Interêt bei dëse Verhandlungen zesummenzehalen, seet den David McAllister.

D'Parlament wier prett, doriwwer ze waachen, betount den Europadeputéierten. D'Europaparlament stëmmt déi nächst Woch zu Stroossbuerg iwwer d'Resolutioun of.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.